No der Annonce aus den USA, sämtlech Importer aus Europa mat 20% ze besteieren, hunn de Lëtzebuerger Premier an den Ausseminister reagéiert.

De Minister fir de Commerce extérieur, Xavier Bettel, bedauert, datt elo Géigemesurë musse geholl ginn. Den Handel ze limitéieren, wier bal ëmmer eng Lose-Lose-Situatioun. "Ganz vill Amerikaner hunn de Kandidat Trump gewielt, fir President ze ginn, well hie gesot huet, datt d'Inflatioun géif erofgoen. An ech muss Iech soen, mat deenen dote Saache gleewen ech kaum, dass d'Inflatioun erofgeet", esou de Vize-Premier. Deemno wär et um Enn de Konsument op béide Säite vum Atlantik, deen d‘Rechnung vu falsche politeschen Decisioune misst bezuelen.
 
D‘EU wier bis ewell ganz pragmatesch gewiescht an hätt den USA e gewëssen Delai gelooss, ier si Géigemesuren agefouert huet. "Ma dat schéngt den Amerikaner zimmlech Wurscht gewiescht ze sinn", bedauert de Xavier Bettel.
 
"Tatsächlech wäerte verschidde Betriber, déi am Moment an Europa an an Asien Produite fir den amerikanesche Marché produzéieren, decidéieren, an Zukunft an den USA ze produzéieren" an ëmgedréint. Deemno géif d‘Rechnung um Enn net wierklech opgoen. "An dowéinst mengen ech, dass een do ganz vill Sue riskéiert ze verpolveren an den nächste Méint a Joren, eebe wéinst där Konkurrenz, wou ee sech dann d'Fro stellt, wou ass et besser, dass ech mäi Stempel hu, fir wéi ee Marché?"
 
D‘EU-Kommissioun ass jo aktuell amgaangen, nei Géigemesuren auszeschaffen, déi dann de Memberstaate presentéiert ginn.
 
"D'Kommissioun muss eeben da wëssen, wou et, wann et bei eis wéi deet, wou et bei hinne wéi deet. Mä ech fannen et schued, dass mer esou wäit kommen. Ech soe ganz éierlech, et ass net am Interêt vun der Wirtschaft, vun der Weltwirtschaft an och vun enger Previsibilitéit."

Premier Luc Frieden: Douanestaxen ëmmer eng "Hürd" fir de globalen Handel

Duerfir si se generell schlecht, sou de Premier Luc Frieden um RTL-Mikro an enger éischter Reaktioun op déi nei annoncéiert amerikanesch Douanestaxe-Politik. De Lëtzebuerger Regierungschef plädéiert weidert op Dialog mam gréissten europäeschen Handelspartner, amplaz vun engem Handelskrich. Hien hätt doriwwer och schonn de Weekend mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen geschwat.

Wichteg wier, datt d'Europäer sech koordinéieren, betount de Luc Frieden. Wéi grouss den Impakt vun de méi héijen Taxen op d'Lëtzebuerger Ekonomie ass, wier zu dësem Ament nach net ofzeschätzen.