Dat neit Gebai fir den zukünftege Grand-Duc gëtt op der Parzell vu Schlass Bierg gebaut.

Datt de Grand-Duc op Schlass Bierg wunnt, ass gesetzlech festgeluecht. Vue datt hie sech net eraussiche kann, wou hie mat senger Famill wunnt, wier et dann och keen Avantage en nature, datt de Staat hinnen dës fir de symboleschen Euro zur Verfügung stellt.

Dat neit Gebai ass iwwerdeems komplett vun der groussherzoglecher Famill finanzéiert. Dat äntwert de Premier Luc Frieden op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

Datt d‘Gemeng hire PAG fir dës nei Constructioun geännert huet, wier konform mat de Reegelen. Iwwerhaapt hätt d‘Gemeng nawell vill Spillraum, fir Decisiounen am Beräich vum Amenagement ze huelen.