Am Immobiliesecteur géing et eng Vertrauenskris ginn, déi duerch en Zesummespill vu verschiddene Facteure bedéngt wier.

D'Promoteurë wieren net déi, déi bei der Reprise vum Logementsmarché blockéieren.Dat schreift d'Chambre immobilière an engem Communiqué. D'Sektioun Immobilienentwécklung vun der genannter Kammer wiert sech domat géint Aussoen, déi d'Bankenassociatioun ABBL am Paperjam gemaach huet.

Dës Duerstellung géing ze kuerz gräifen an der Komplexitéit vun der Kris net Rechnung droen. Am Immobiliesecteur géing et eng Vertrauenskris ginn, bei där et en Zesummespill vu Facteuren ewéi den Zënsen, de Präisser vum Baumaterial, den Accès op Finanzementer a regulatoreschen Onsécherheete géif.

Zu den Haaptconcernéierte vun dëser Kris géingen d'Promoteure gehéieren, heescht et am Schreiwes. Deels wier et bis un d'Belaaschtungsgrenz gaangen an trotzdeem wiere weider Projete gestäipt, Beschäftegung ofgeséchert a Responsabilitéit iwwerholl ginn.

Wéinst de staatlechen Hëllefsmesurë géing et awer Liicht um Enn vum Tunnel ginn. All d'Acteure sollten elo zesummeschaffen, amplaz sech géigesäiteg d'Schold ze ginn.