An der Nuecht op e Sonndeg ass an der Stad e Mann bei enger Ausenanersetzung blesséiert ginn.

En Zeien huet d'Police op e Mann mat enger Schnëttwonn um Aarm opmierksam gemaach. D'Beamten hu sech direkt ëm de Blesséierte gekëmmert. Éischten Informatiounen no koum et virdrun zu enger Ausenanersetzung tëscht dem Affer an e puer aneren. Eng Enquête gouf lancéiert.