D'Bommen an d'Munitioun vu fréier wäerte wuel och nach a ville Jore fir Problemer suergen.

Et héiert een zimmlech reegelméisseg, och bei eis um Radio, datt de Service Deminage vun der Arméi an den Asaz gefuer ass, fir eng Bomm oder al Munitioun ze entschäerfen, meeschtens aus dem Zweete Weltkrich. Ma d'Urspréng vun esou sengem Service am Grand-Duché reechen nach méi wäit an d'Vergaangenheet zeréck. Am September ginn et schonn 100 Joer, datt de Virgängerservice gegrënnt gouf. Fir dee ronne Gebuertsdag ze feieren, bréngt den nationale Militärmusée vun Dikrech ee Buch eraus. De Marc Hoscheid huet mam Claude Peffer geschwat, hien ass den Haaptresponsabele vum Projet an huet selwer beim Service Deminage geschafft.

Den Deminage zu Lëtzebuerg feiert 100 Joer (Reportage Marc Hoscheid)

Den Ausgangspunkt vum Buch ass den 3. August 1914, wéi Lëtzebuerg vu Frankräich bombardéiert gouf. Tëscht 1914 an 1918 war den Deminage an den Hänn vun den däitschen Truppen, nom Enn vum Éischte Weltkrich hunn déi amerikanesch a franséisch Truppen déi Aufgab iwwerholl. Et sollt bis 1925 daueren, bis Lëtzebuerg den Deminage selwer iwwerholl huet. Am Virfeld goufen déi éischt Responsabel vum Service an d'Belsch geschéckt, wéi de pensionéierten Demineur Claude Peffer erkläert.

"Dat waren deemools de Leutnant Jean Joseph Gilson aus der Fräiwëllegekompanie an de spéidere Gendaarm Nicolas Arnould Kaiser. Si sinn dunn dräi Wochen op Stage gaangen, wann ee sou wëllt soen, an d'Belsch hunn hir Erfarunge mat hinne gedeelt. A fir ze gesinn, wat doraus ginn ass, wéi se effektiv am September 1925 ugefaangen hunn: éischtens ass d'Zuel vun den Affer aus der Zivilbevëlkerung, sief et Doudeger oder Verletzter, drastesch erofgaangen a si hunn an der Zäit vun 1925 bis 1940 iwwer 8.000 Kilo Munitioun ewechgeraumt."

Wärend Lëtzebuerg tëscht 1940 an 1944 vun Nazi-Däitschland besat war, gouf den Deminage vum Technischer Notdienst vum Luftschutz iwwerholl. Deen huet gréisstendeels aus Lëtzebuerger bestanen, déi zwangsverflicht goufen. Sou wier et dann och net iwwerraschend, datt schonn den 12. September 1944 - nëmmen zwee Deeg no der éischter Befreiung - den Deminage rëm opgeholl gouf. Wéinst der Ardennenoffensiv, déi vu Mëtt Dezember vun deem Joer bis Enn Januar 1945 gedauert huet, goufen d'Opraumaarbechten am Éislek no hanne geréckelt. Am Abrëll 1945 gouf de Sprengkommando gegrënnt, bei deem och politesch Gefaangener agesat goufen. 1952 goung den Deminage dunn definitiv bei d'Arméi. Bis haut gi queesch uechter d'Land Blindgänger fonnt an dat dierft sech dem Claude Peffer no och nach esou bal net änneren.

Zu menger Zäit, dat war an den 90er ,Joren, hu mer am Duerchschnëtt sou ëm déi véier Tonne Munitioun am Joer ewechgeraumt. Haut sinn et der aacht bis zéng, wann ech mech gutt erënneren. Firwat ass dat sou? Ma dat ass ganz einfach, et hänkt mat der wirtschaftlecher Lag zesummen. A virun allem, wéi vill gëtt gebaut a wou ginn d'Leit iwwerall hin?"

D'Buch soll awer net just eng Opzielung vun historeschen Datumer ginn, mee och een anekdotesche Charakter hunn. De Claude Peffer ass wärend senger Zäit beim Service Deminage vill an der Welt ronderëm komm. Dobäi ass et och alt emol zu méi kritesche Situatioune komm, zum Beispill 2006 am Afghanistan.

"Ech sinn ee Mol d'Woch an den afghanesche Verdeedegungsministère gaange fir ee Briefing an deen Dag, wéi all Kéiers, hunn ech vir bei der Entrée gewaart, bis de Chauffer komm ass, fir mech matzehuelen a rëm zeréckzebréngen. Dee leschte Moment krut ech awer een Telefon, fir ze soen, datt déi Reunioun ofgesot an op een aneren Datum reportéiert ass. Du ginn ech rëm zréck a mäi Container an zéng Minutten drop huet et gehierlos gescheppert an do hat ee sech vir bei der Entrée mat engem Auto an d'Luucht gesprengt. Dat ass eng Saach wou ee seet, et geet duer."

Hien hätt awer och ganz flott Erfarunge gemaach. Zum Beispill am Aserbaidschan, wou d'Leit immens frëndlech gewiescht wieren an hien esou behandelt hätten, wéi wann hien een ale Bekannte gewiescht wier. Wann d'Leit sech generell méi virwëtzeg a manner retizent begéine géingen, géing et manner Problemer op der Welt ginn. An dann hätte wuel och d'Demineure queesch uechter d'Welt manner ze dinn.

De Claude Peffer sicht dann och nach no Dokumenter a virun allem Fotoe fir säi Buch. Wa Leit een Temoignage wëllen ofginn, geet hien och bei si, fir se ze interviewen. D'Nimm vun deene Leit, déi sech bedeelegen, ginn och am Buch genannt, wa se näischt dogéint hunn.

Op RTL.lu - 100 Joer Deminage zu Lëtzebuerg: Op der Sich no Zäitzeien, respektiv Dokumenter, Fotoen a Videoen

De Kontakt vum Claude Peffer:

Numéro de téléphone : 621 358 756
Courrier électronique : peffercl@pt.lu