De 24. Abrëll ass den Dag vu "Girls in ICT", also Meedercher an der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie, engem männlech-dominéierte Secteur.

Frae maachen hei manner ewéi 20% aus. E männerdominéierte Beräich also. An dat ass op eng Rëtsch Probleemer zeréckzeféieren, hu WIDE & co. (Women in Digital Empowerment) an enger Etude festgestallt. D’Emeline Petit ass Chargée de Projets bei WIDE & co. an erkläert: "Le manque de femmes dans l’IT ce n’est pas qu’uniquement dans l’IT mais dans les sciences en général. L’étude a permis de valider les hypothèses de stéréotypes et du sexisme, d’influence de la famille qui encourage ou décourage, de l’influence de l’école avec des professeurs qui, eux aussi, encouragent ou découragent." 

Et géif net duergoen ze kucken, firwat manner Fraen an der ICT schaffen. Et misst een de Secteur och méi attraktiv maachen, andeems ee Sexismus am Secteur uschwätzt, jonk Fraen encouragéiert an och méi Evenementer am Secteur organiséiert.