Mat 462 vu 483 Stëmmen ass d’Carole Hartmann déi nei Parteipresidentin vun der DP.

Eng nei Parteispëtzt an de 70. Gebuertsdag: d’DP ass e Sonndeg am Tramsschapp fir hiren Nationalkongress beienee komm, op deem et also eng Rei Ännerunge gouf.

Nationalkongress vun der DP / Reportage Céline Eischen

Et war virop déi lescht Ried vum Wirtschaftsminister Lex Delles als Parteipresident, deen zefridden op déi lescht Joren zeréckgekuckt huet. Sief dat wéinst de Walresultater oder och den DP-Valeuren, déi am Koalitiounsaccord zeréckzefanne wieren.

Hie géif mat engem laachenden a kräischenden A ophalen, mee sech mat beschtem Gewësse vun der Parteispëtzt zréckzeien, dat well e wéisst, dass seng Partei mat der neier Presidentin Carole Hartmann a beschten Hänn wier.

Gréisser nationalpolitesch Aussoe gouf et vum fréieren DP-Parteipresident keng, dofir ass awer den Europadeputéierte Charles Goerens op déi international Entwécklungen agaangen.

Europa jäizt no Féierung an d‘EU muss sech affirméieren a sech hire Stäerkte bewosst sinn, monéiert de Charel Goerens a kritiséiert domadder d‘Kommissiounspresidentin, déi bis elo nach kee Rendez-vous mam President Trump hat. Europa steet eleng do, géif et net Kanada zum Beispill ginn.

Eng gutt Nouvelle hätt hien awer, esou den DP-Europadeputéierte Charel Goerens a senger gewinnter sarkastescher Aart a Weis: wann e Putin dierft an Ungarn reesen, missten d‘Grenzkontrollen tëscht de Memberstaaten u sech geschwë Geschicht sinn. Europa hätt nach Reegelen an et bräicht déi och, fir eng Féierungspositioun an der Welt ze iwwerhuelen. Dofir geséich de Charles Goerens och kee Wee laanscht eng Reform vun den Europäesche Verträg.

RTL

© Céline Eischen