Den Datum fir d'Chamberdebatt ronderëm eng Petitioun, déi Sanktioune géint Israel fuerdert, steet elo fest.

Zweemol gouf se nei formuléiert, no villen Debatten an der Chamberpetitiounskommissioun an der Presidentekonferenz gouf da lo en fin de compte en Datum fir eng ëffentlech Diskussioun iwwert e kontroverséierte Sujet fonnt. Et geet ëm d'Petitioun, déi d'Lëtzebuerger Regierung opfuerdert, Israel fir seng Politik an de palästinenseschen Territoiren ze sanktionéieren, well se Krichsverbriechen duerstellen.

Ënnert anerem war et Sträit iwwert den net-erlaabte Gebrauch vum Chamber-Logo ginn. Elo gouf tranchéiert: 4.763 Ënnerschrëfte goufe validéiert an d'Debatt ass den 2. Juli am Chamberplenum. Da kritt d'Petitionärin Dalia Khader zesumme mat hire Supporter d'Wuert.