E Sonndeg war alt nees eng méi lass um Kass Haff, dat an der frëscher Loft, zu Rolleng bei Miersch.

Fir en Dag um Bauerenhaff, deen Honnerte Kanner sou bal net vergiesse wäerten. 2003 goufen, op Initiative vum Haus vun der Natur, fir d'éischt Spillschoulsklassen aus der Stad Lëtzebuerg um Haff empfaangen. 
Den Tom Kass, zanter 25 Joer Biobauer, kuckt zeréck: "Eisen Haff a Kanner, dat ass bekannt. Normalerweis ass Haff a Kanner éischter vläicht net esou gewollt. Et huet lues a lues ugefaangen an ass eebe gewuess. Bis haut si mer bei 400 Aktivitéite pro Joer." An Tëschenzäit ginn hei souguer eng 20 Kanner aus der Waldorfschoul an d'Spillschoul.

De Kass Haff ass keen Zoo

Um Kass Haff gëtt Dag fir Dag produzéiert. Do erlieft de Besuch d'Realitéit. Mat den Ament 40 Mëllechkéi a 450 Hénger, Geessen a Schwäin, déi iwwregens, mat am meeschte Succès haten. Den Tour mam Trakter bleift awer de Renner um Haff. Wou een Haut och déi eege Produktioun, ënner anerem aus der Kéiserei, schmaache konnt. Liewensmëttel déi d'Joer iwwer am Buttek vum Haff verkaf ginn.

Sarl Kass Haff

De Bauerenhaff funktionéiert zanter 2012 als Sarl. Wat net üblech ass, awer de Bléck an d'Zukunft vereinfache géif. "Mir hunn an eise Statute stoe : Bedreiwe vun engem biologesch, dynamesche Bauerenhaff mat pedagogeschen Aktivitéiten. An do kann och een anere Gerant kommen. Gutt, am Moment gesäit esou aus, wéi wa mäi Jong wëlles wier de Betrib ze iwwerhuelen. Dat freet mech, awer mir hunn eis net wollten dorop verloossen, dass dat esou antrëtt", sou den Tom Kass. 

Produzéiert gëtt zanter 25 Joer Bio

E Choix deen den Tom Kass absolut net bereit: "Ech léieren all Dag nach bäi. Dat ass esou als Biobauer. Mir mussen, wa mer Feeler gemaach hunn, ëmmer méi laang waarden, bis mer de Feeler korrigéiert hunn, wéi wa mer méi kënstlech Mëttel hätten, fir dat ze verstoppen."

Um Enn, ass et d'Passioun déi Iwwerhand hëlt. An engem Alldag, an deem um Kass Haff net just Déieren de Rhythmus uginn, ma och kleng Däbbessen.