En Altersheem matten am Duerf
© Jessie Lang Photography
Zu Käerjeng gouf en Dënschdeg d’Altersheem "Op Acker" offiziell ageweit.
No méi wéi 10 Joer ass e modernen an nohaltegen Zenter entstanen, matten an der Uertschaft an net méi um Rand, wéi et virdrun de Fall war.
Schonn am Januar waren déi éischt Bewunner era geplënnert. Et war eng grouss Plënneraktioun, bei där ronn 150 Seniore vum ale Site zu Nidderkuer an déi nei Struktur zu Käerjeng komm sinn. Dat alt Heem huet enger Rei aktuelle Standarden net méi entsprach. 201 Better sinn am neien Heem ze fëllen. Am Moment kommen all Woch nei Admissioune bäi.
Besonnesch ass: "Op Acker" steet net um Rand, mee am Häerz vun der Gemeng – no bei der Schoul, dem Akafszenter an dem ëffentlechen Transport, esou de Marc Spautz, den CSV-Fraktiounschef, deen de Projet viru méi wéi 10 Joer un d’Rulle bruecht huet.
"2013 ass et deemools dorëm gaangen, dass en neit Haus huet missen an de Kordall kommen an et kéint net sinn, dass d’Altersheem um Rand vun der Uertschaft gebaut gëtt. An dat ass deemools am Ministère op gutt Ouere gestouss, dass et eebe wichteg wier, fir dat am Duerf ze hunn, fir dass d’Leit sech kënnen integréieren an d’Heem net ausserhalb gebaut gëtt, wéi dat zu Nidderkuer de Fall war."














74 Milliounen Euro goufen investéiert, fir e Liewensraum ze schafen, wou d’Seniore solle wäertgeschat, betreit a begleet ginn. Et wier wichteg gewiescht, fir bei de Käschten net schei ze sinn, erkläert de Marc Spautz:
"Ech mengen, et ass wichteg, dass mir deene Leit, déi dozou bäigedroen hunn, dass Lëtzebuerg de Räichtum, deen et huet, erreecht huet, zréckginn. Dat sinn déi eeler Generatiounen an do dierf eis näischt ze deier sinn, fir hinnen dat beschtméiglecht Ëmfeld ze ginn an dass se dat kënne rëmkréien, wat si dozou bäigedroen hunn, fir Lëtzebuerg dohin ze bréngen, wou Lëtzebuerg haut ass."
Et wier zwar schwéier gewiescht an de leschte Jore Personal ze fannen, mee och dat huet d’Heem bewältegt. D’Ekipp ass komplett, seet de Chargé vun der Direktioun vum Heem, Daniel Lemal.
De modernen, optimiséierte Kader kéint hëllefen, méi Leit fir de Beruff ze interesséieren.
"Ech menge mat sou engem Gebai wéi dat hei kënne mer de Beruff méi attraktiv maachen a weisen, dass déi Aarbecht net méi dat ass, wat een denkt. Et ass vill Liewensqualitéit. Et sinn net méi déi Altersheemer, déi mer kannt hu viru 40 Joer. Et gi ganz vill flott Saache gemaach an d’Aarbechtskonditioune si vill besser ginn. Mir maachen och, als Betrib, vill fir eis Mataarbechter."


















D’Liewensqualitéit am héijen Alter soll am Fokus stoen. Mat Aktivitéiten zesumme mat Crèchen, Schoulen, Scouten oder Fester am Duerf ginn d’Awunner aktiv an d’Liewen agebonnen a kënne weider en Deel vun der Gesellschaft bleiwen.