"Et geet queesch duerch de Gaart"

© Emile Mentz
Mat enger RTL-Kamera konnte mir dem Personal iwwer d'Schëller kucken. Vu Sangen iwwer Petanque spillen bis zu Übunge fir d'Motorik.
Am Altersheem "Am Klouschter" um Houwald ass eng lass
Zanter 2002 gëtt et d’Altersheem um Houwald. Eng 120 eeler Leit liewen a wunnen hei. D’Altersmoyenne läit bei 88 Joer. De Gros sinn Dammen, 20 Prozent Hären. Mir hunn d’Personal wärend der Fréischicht suivéiert an hunn en Abléck an den Dagesoflaf vun de Bewunner kritt.
Donneschdegmoie géint 10 Auer – Eng hallef Dose Bewunner maache sech op de Wee hannert d’Haus. Viru kuerzem gouf hei eng Petanque-Pist ugeluecht. Den Heemrot hat sech des gefrot. "Mir hu laang genuch geschwat fir d’Petanque Pist ze kréien. Elo hu mer se", esou den Här Umecker. "Et ass e flotten Zäitverdréif", esou kréien ech erzielt. "Ech spillen immens gäre mat anere Leit. Spille mécht mir Freed", esou d’Madamm Ambramovici am RTL Gespréich.

© Emile Mentz
"Wann een dat nach kann, da muss ee wierklech dankbar sinn", esou kréien ech vun enger anerer Bewunnerin an d’Ouer geflüstert.
Et gëtt gespillt, gelaacht a gegeckst. Wärend am Bannenhaff vun der "Maison des Aînés" Petanque gespillt gëtt, ass eng aner Grupp am Haus am gaangen ze sangen a musizéieren.
Zwee Erzéier, déi eng Zousazformatioun gemaach hunn, si responsabel fir d’Chorale. Al, Lëtzebuerger Lidder kennen d’Leit ewéi aus dem FF. Des Aktivitéit stäerkt Zesummenheetsgefill, ass eng kognitiv Stimulatioun a mécht einfach nëmme Spaass. "Bei eis gëtt d’Musek grouss geschriwwen", esou de chargé vum Haus, Xavier Thiery. "Zanter ville Jore gëtt d’Chorale encadréiert an animéiert. Mat Instrumenter a gudder Laun geet et gemitterlech duerch den Dag. Mir bidden awer och nach eng ganz Partie aner Aktivitéiten un. Vu Vakanzen, Ausflich, op de Mäertche goen oder an d’Mass fir d’Oktav. Et geet queesch duerch de Gaart", esou de Xavier Thiery.
Grad esou wichteg ewéi d’Aktivitéite sinn och d’Soine fir d’Bewunner. Dofir schafft och vill paramedezinescht Personal am Altersheem. Vun der Ergo, iwwer d’Kiné bis zur Infirmière an der Aide-soignante. A reegelméisseg kënnt en Dokter an d’Haus, fir no de Leit ze kucken.
"Eis geet et net nëmmen em d’Mobilitéit an d’Beweegung am Alter. Eis Aufgab ass et och, dass de Bewunner seng Autonomie sou laang ewéi méiglech behält", esou erkläert mir d’Jasmin Streit. Si ass Kiné vu Beruff. "Fir eng eeler Persoun ass et wichteg, dass si selwer nach laang sech kann em hir eegen Hygiène këmmeren. Dofir mussen d’Äerm, d’Hänn an d’Bee fit bléiwen". Dat erzielt mir d’Kiné.

© Emile Mentz
Mat Ordonnance vum Dokter gëtt gekuckt, wéi dacks eng Seance enger Persoun ugebuede gëtt. "Et kënnt op d'Diagnos vun all eenzele Bewunner un", esou nach d’Jasmin Streit mir géintiwwer. 1 bis 3 mol d’Woch kommen d’Leit aus dem Altersheem bei d’Kinésekipp.
D’Leit ginn ëmmer méi al. Dofir kréien d’Soinen och ëmmer méi u Bedeitung. D’Personal geet dowéinst reegelméisseg bei d’Bewunner an d’Kummeren erakucken a wiesselen de Verband.
"Et gi Wonnen, déi mussen all Dag frësch gemaach ginn. Bei anere geet et duer, wann een all 3te bis 5ten Dag en neie Verband mécht", esou d’Beate Hornberger. Si schafft schonn zanter 12 Joer als Infirmière hei um Houwald.

© Emile Mentz
Och Generaliste komme reegelméisseg an d’Altersheem no de Leit kucken. Esou wéi Dr. Carole Goerens. "Eemol d’Woch kommen déi eenzel Dokteren an d’Haus, fir no senge Patienten ze kucken. Ganz vill Leit si jo net méi sou mobil oder si vläicht dement. Da gëtt dat scho schwéier fir an d’Praxis ze kommen. Vill Bewunner profitéieren dovunner, dass mir hei hinner kommen. Dat ass fir si vill méi einfach." Esou erkläert mir d'Doktesch de Prinzip vun de Visitten an den Altersheemer.
Eng Aktivitéit, déi bei de Bewunner vum Altersheem um Houwald och ganz groussen Uklang fënnt ass de Besuch vum "Joke", engem Hond. E Golden Retriver vu 7 Joer. Dëse Mupp ass eng Beräicherung fir d’Haus. Doriwwer ass sech dat ganzt Personal eens.

© Emile Mentz
"Et ass eng Presenz do an et kënnt zur Kommunikatioun. Dacks ginn d’Leit duerch den Joke un hiren Hond erënnert. Op des Manéier schwätze si vu fréier". Des Erklärunge kréien ech vum Yasmin Duton. Si huet wärend 10 Joer hei am Altersheem mat engem Hond geschafft. Elo mécht Si dat nach benevole.
"Golden Retriver a Labradore sinn déi richteg Rass fir mat Leit ze schaffen". "All Haus misst esou en Hond hunn", esou nach d’Madamm Duton. Duerno geet Si mat hirem Hond bei déi eeler Leit, deenen hir Ae glënnere vu Begeeschterung, wéi si de Mupp gesinn op si duer kommen.
Lues mee sécher geet et op 12 Auer lass. Zäit fir d’Mëttegiessen. Tëscht Bouneschlupp mat Panescher oder Fësch kënnen déi eeler Leit haut auswielen. An ech stelle fest: och am héijen Alter hunn nach ganz vill Leit Appetit.