Et hätt generell u "Substanz" an un neien Annoncë gefeelt, sou d'Oppositioun
D'Taina Bofferding vun der LSAP sot an enger éischter Reaktioun, d'Aarmutsbekämpfung hätt et dës Kéier ëmmerhin an d'Ried vum Premier gepackt.
"Vill Widderhuelungen, respektiv Annoncen, déi ee schonn héieren huet", esou huet de Sven Clement vun de Piraten en Dënschdeg de Mëtteg op d'Ried vum Luc Frieden reagéiert. Dem Piraten-Deputéierten huet et kloer u Substanz gefeelt. Et wier zum Deel widderholl ginn, wat schonn annoncéiert gouf oder op Annoncen an der Zukunft verwise ginn, huet de Sven Clement bedauert, dee weider betount huet, hie wier net weider schlau aus der Ried zur Lag vun der Natioun ginn.
Eng Kritik, déi och vun der Grénger Deputéiert Sam Tanson koum. Zum Deel wiere Saachen annoncéiert ginn, déi schonn zejoert am État de la Nation ugekënnegt goufen. Stéchwuert Aarmutsplang oder Flexibiliséierung vum Congé parental. Et hätt ee sech méi Éierlechkeet vum Premier erwaart an a Punkto Neiegkeete wier een op sengem Honger sëtze bliwwen. Vill méi erwaart, huet d'Sam Tanson sech zum Beispill, wat de Sträit mat de Gewerkschaften ugeet. Deene Gréngen huet et un Detailer gefeelt, och a Punkto Pensiounen a virun allem huet d'Sam Tanson den Naturschutz an der Ried vermësst. Dat géif weisen, datt dës Regierung en totaalt Onverständnis fir déi eminent Zukunftsfro hätt.
D'Taina Bofferding vun der LSAP sot an enger éischter Reaktioun, d'Aarmutsbekämpfung hätt et dës Kéier ëmmerhin an d'Ried vum Premier gepackt.
Fir de Marc Baum vun déi Lénk ass net nozevollzéien, wéi d'Ried ënnert dem Motto "Stabilitéit duerch Fortschrëtt" kéint stoen, nodeems déi lescht 12 Méint duerch Instabilitéit vu Säite vun der Regierung gepräägt waren. Déi Instabilitéit kéint een awer och nach weider féieren, zum Beispill am Management vum Caritas-Dossier, huet de Marc Baum nach betount.
E Mëttwoch sinn dann de ganzen Dag iwwert d'Debatten an der Chamber iwwert den État de la Nation.