Kënschtlech Intelligenz – en aktuellt Thema, mee wat heescht dat fir Lëtzebuerg?
Kann e klengt Land eng wichteg Roll spillen an enger globaler Course ëm Technologie an Innovatioun?
D’Chambre de Commerce mengt jo – mee et kënnt net vun näischt. Um Dënschdeg gouf en neie Plang virgestallt, fir Lëtzebuerg zu engem AI-Hub an Europa ze maachen. Am Plang stinn 30 Recommandatiounen.
Lëtzebuerg soll zu engem europäeschen Zentrum fir kënschtlech Intelligenz ginn. D’Zil: Méi Produktivitéit, digital Souveränitéit a wirtschaftlech Kompetitivitéit. An de leschte Jore wier d’Produktivitéit am Land e klengt Stéck erofgaang, wat dem Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Handelskammer, Suerge bereet.
Zanter September 2024 huet en Aarbechtsgrupp sech zesummegesat a sech intensiv mam Thema auserneegesat.17 Entreprisë ware bedeelegt. Lëtzebuerg huet déi néideg Infrastruktur – zum Beispill mat dem Meluxina-Supercomputer – mee et feelt u Koordinatioun an Experten.
Et bräicht een e kollektiven Effort, fir dësem komplexe Sujet Meeschter ze ginn, seet de Gérard Hoffmann, deen de KI-Aarbechtsgrupp geleet huet:
“Eng grouss generell Recommandatioun ass, dass mer mussen ons Energie kanaliséieren. Mir hunn am Fong festgestallt iwwert ons Aarbechten, dass mer e Besoin hu vu Koordinatioun. Et si vill Leit, déi schaffen um Sujet, déi si verstreet iwwert souwuel de Secteur public wéi de Secteur privé an der Recherche an den Entreprisen. An do feelt et e bëssen un enger Plattform, fir sech ofzeschwätzen an d'Energien all zesummen an déi richteg Richtung ze bréngen.”
Och d’Thema Energieverbrauch am Zesummenhang mat der KI war en Thema, erkläert de Gérard Hoffmann:
“Et brauch vill Energie, allerdéngs muss een och soen, dass d'Evolutioun schonn och an eng Richtung méi Effikassitéit geet. Also mat all nei Generatioun vu sougenannten GPUen, geet d'Effikassitéit erop an den Energieverbrauch steigt net méi exponentiell. Mee fir alles wat Energie brauch, huet een natierlech en Impakt och op d'Ëmwelt. An do si mer an enger vill méi breeder Diskussioun, wou mer musse kucke wéi d'Energie produzéiert gëtt.”
Europawäit wier et wichteg, d’Technologie weider ze bréngen, fir mat anere Weltmuechte matzehalen. De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce:
“Et ass kloer, datt déi grouss Wirtschaftsbléck wéi Amerika a China, déi Saachen och do dominéieren. An dofir kënnt et natierlech an der aktueller geopolitescher Lag zu engem Kampf. Wien do am schnellsten d’KI no virbréngt, well dat ass en immense Geschäftsmodell a wann een déi Date besëtzt, dat ass wierklech d'Ressource naturelle vun deem Ganzen. A wann een déi ka richteg exploitéieren, dat ass eng immens Force, déi een dann huet. An dofir ass et an dësem Kontext, déi Geopolitik natierlech ganz wichteg, datt Europa sech tëscht China an Amerika do ganz schnell elo positionéiert. A mer mengen och, datt Lëtzebuerg derzou bäidroen kann, fir Europa an deem Beräich ze stäerken.”
Och d’Regierung beschäftegt sech mam Thema KI. An engem neie Koalitiounsaccord sinn Donnéeën, KI a Quantentechnologie Prioritéiten. Lëtzebuerg soll digitale Virreider an Europa ginn.
De ganze Rapport fannt dir op rtl.lu