De Fernand Kartheiser deplacéiert sech e Sonndeg op Moskau
Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet e Freideg via d'Plattform X matgedeelt, dass hien op Invitatioun vun der Duma op Moskau wäert reesen.
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Fernand Kartheiser reest op Moskau, fir Gespréicher mam lokale Parlament. Dat huet den ADR-Vertrieder e Freideg esou op der Plattform X annoncéiert, wou hie sech op russesch schonn un d'Vertrieder aus der Duma adresséiert.
Op eis Nofro hin huet hien eis confirméiert, dass hien e Sonndeg op Moskau wäert reesen a perséinlech vun der Duma invitéiert gouf.
D'Diskussioune sollen iwwert déi bilateral Relatioune goen, iwwert d'Situatioun an der Ukrain, d'Mënscherechter an déi international Politik.
De Fernand Kartheiser hat rezent jo méi dacks duerchblécke gelooss, dass hien net mat der Positioun vum Europaparlament averstanen ass, fir Russland als Krichsdreiwer ze bezeechnen. Europa géif nach ëmmer eng Positioun wéi déi vum Ex-US-President Biden vertrieden, wat falsch wier, sot hie Mëtt Abrëll am RTL-Interview.