E Freideg de Moie waren d'Positioune vum EU-Deputéierten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser hat dem Donald Trump felicitéiert, ewéi en als US-President erëmgewielt gouf. E Freideg de Moie sot de Fernand Kartheiser hei op RTL, hie wier net mam Trump senger Handelspolitik averstanen. Och net mam Trump senge Fuerderungen, datt Europa misst méi fir seng Defense selwer maachen. Den ADR-Politiker sot, hie géing awer dem Trump seng Ukrain-Politik ënnerstëtzen. Hien huet déi als "Friddenspolitik" bezeechent.

Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser

Obwuel d'USA elo Verhandlunge mat der Ukrain a mat Russland féieren, huet Russland e Sonndeg 35 Zivilisten zu Sumy ëmbruecht an honnerte verwonnt. De Fernand Kartheiser huet dat en "Incident" genannt, deen e géing bedaueren an net wéilt kommentéieren, well "d’Meenungen" ze vill géingen auserneegoen. An awer huet hien op d’Demissioun vum lokale Gouverneur higewisen, well dësen eng militäresch Versammlung deen Dag zu Sumy autoriséiert hat.
 
"Iwwert d'Legitimitéit vum Zil kann also diskutéiert ginn", esou de Fernand Kartheiser, deen och mengt, datt Russland d’Ukrain "net indiskriminéiert" ugräift. Hien huet de Medien (dorënner RTL) "krichsgebonnen Argumenter" virgeworf, iwwerdeems d'ADR fir Friddensverhandlungen ass. Hien huet drop higewisen, datt am Géigesaz zur viregter US-Regierung, déi nei net méi vun engem russeschen Ugrëffskrich schwätzt, mee vun engem "Stellvertrieder-Krich".

"Illusoresch" ze mengen, Russland kéint d'Nato ugräifen

Op d'Fro, wien de Krich dann ugefaangen huet, sot hien d'USA géingen elo eng Matverantwortung gesinn. Dorop ugeschwat, datt d'Ukrain nom Fall vun der Sowjetunioun d’Atomwaffen op sengem Territoire Russland ginn huet, huet de Fernand Kartheiser geäntwert: "Dat ware keng ukrainesch Atomwaffe, mee sowjetescher". D’Geschicht hätt net den 22. Februar ugefaangen, mee et wiere scho virdrun Tensiounen do gewiescht, notamment duerch westlechen Afloss.
 
Den Europadeputéierten huet bedauert, datt Europa nach ëmmer eng Positioun ewéi déi vum President Biden géing vertrieden. D’Warnunge vu Geheimdéngschter, datt Russland och kéint en Nato-Land ugräifen, huet hien als "illusoresch" beschriwwen. Zu den hybriden Attacken, dorënner d'Campagne fir Walen ze beaflossen, sot de Fernad Kartheiser: "dat maache mir och".

Guer net averstanen ass hien da mam Donald Trump senger Handelspolitik an den Douanstaxen op Importer aus der EU. Mee och mam US-President senger Fuerderung, datt d’EU-Memberstaate 5% vum nationale Räichtum fir hir Defense ausginn, ass den EU-Deputéierte net d'accord. Hie wier komplett géint "eng Rüstungsspiral" an et misst ee mat Russland "vertrauensbildend Mesurë" verhandelen, fir éischter ofzebauen. Wat d’USA ugeet, déi méi fir d’Militärausgaben ausginn ewéi déi 10 nächst Länner hannendrun, do sot hien, hie wier net verantwortlech fir d’US-Verdeedegungspolitik.

ADR Programm steet iwwert EKR-Memberschaft

Wéinst senge Positiounen am Bezuch op den Ukrain-Krich an engem Interview am Dezember zejoert an enger russescher Zeitung, huet seng eege Fraktioun am EU-Parlament, d’Europäesch Konservativ a Reformisten (EKR) Erklärunge vun him verlaangt. Den Europadeputéierten huet hei op den ADR-Walprogramm higewisen, an deem kloer Friddensverhandlunge gefrot ginn.
 
Hien hätt "lues a lues den Androck, datt sech d’Positioune vun der EKR mat eisen ëmmer méi verdréiglech weisen". Hie wéisst net "wat d’Zukunft" bréngt oder wéi de "Konflikt" an der EKR ausgeet.
 
Dat eenzegt, wat sécher wier, wier datt d’ADR zu hire Walverspriechen hält "an och wann de Präissdofir ass, datt mir missten aus der EKR erausgoen, wat mir awer net wëllen oder sichen".

Departe bei der ADR "normal"

Dem Fernand Kartheiser "deet et och Leed", datt d’ADR am Laf vun der Zäit Leit verluer huet. Virun 12 Joer waren et d’fréier ADR-Deputéiert Jacques-Yves Henckes a Jean Colombera, well d’Partei ze konservativ, reliéis oder euroskeptesch géing ginn. Virun annerhallwem Joer de Roy Reding, well verschidde Leit an der Féierung vun der ADR "vëlkesch" wieren. Elo wëll de Robert Mehlen och der Partei de Réck dréinen, ebe wéinst der Positioun vun der ADR am Ukrain-Krich.
 
Fir de Fernand Kartheiser wieren déi Departen "normal", well d’ADR am Ufank "keng kloer politesch Orientéierung" gehat hätt. Iwwert d’Joren hätt se sech e "politesche Profil a Programm" erginn an "dat ass demokratesch geschitt".
 
Confirméiert dat net, datt d’ADR méi riets, méi konservativ, méi reliéis ginn ass? "Nee", esou de Fernand Kartheiser, dee vun 2012 bis 2013 Parteipresident war. Seng Partei wier och "mol méi lénk". Hien huet d’Pensioune genannt, mee och den Index an d’Gesondheetswiesen. Bei Steieren op grouss Gehälter an d'Verméigen hält déi lénk Säit awer op, dem Fernand Kartheiser no hätt de Staat genuch Suen a Steiererhéijunge wiere "weder sozial nach sënnvoll".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.