D'ACEL warnt Lëtzebuerger virdrun, an d'USA op eng Uni ze goen
© YOMIURI SHIMBUN / Yomiuri / The Yomiuri Shimbun via AFP
De Stopp vun de Visae fir auslännesch Studenten an den USA kéint och Repercussiounen op Lëtzebuerger hunn.
D'US-Regierung huet decidéiert, datt se bis op Weideres keng nei Visae méi fir auslännesch Studenten erausgëtt. Dëst ass och eng Reaktioun op de Sträit mat der Elitteuniversitéit Harvard. Den US-President Donald Trump ass der Meenung, datt zu Harvard, mee och op villen aneren Universitéite lénksradikal Positioune vertruede ginn. Auslännesch Studente ginn elo als potentiell Gefor ugesinn a sollen an Zukunft méi streng kontrolléiert ginn.
De Marc Hocheid aus der RTL-Noriichteredaktioun huet mam Bob Konsbruck doriwwer geschwat, wat dat fir d'Studente bedeit, a wat d'ACEL de Lëtzebuerger Studente réit.
Bob Konsbruck (BK): Gudde Moie Marc, u wat stéisst den Donald Trump sech da genee, datt déi dote Mesure elo geholl gouf?
Marc Hoscheid (MH): Gudde Moie Bob. Am Zentrum vum Konflikt sti Protester géint déi israeelesch Militärinterventioun an der Gazasträif, déi et op enger Partie amerikaneschen Unie gouf. Den Donald Trump, awer laang net nëmmen hien, bezeechent dës als Antisemitismus an ënnerstellt de Studenten, si géingen déi islamistesch Hamas ënnerstëtzen, déi an der Gazassträif un der Muecht ass an déi Israel ëmmer nees attackéiert. Besonnesch huet den Donald Trump Harvard um Kieker. Well d'Elitteuni refuséiert, nei Richtlinne vun der US-Regierung ze iwwerhuelen, krut se scho massiv finanziell Ënnerstëtzung gestrach an och verbueden, auslännesch Studenten opzehuelen. Elo solle wéi gesot, an enger éischter Phas landeswäit keng Studenten aus dem Ausland méi opgeholl ginn.
BK: Dat géing jo dann och Lëtzebuerger Studente betreffen. Wéi sollen déi sech da lo am beschten uleeën?
MH: Effektiv. Et si jo am Fong zwou Gruppe vu Studente betraff. Déi, déi an d'USA studéiere wëlle goen an déi, déi schonn do op enger Uni sinn. Ech hunn de Moie mam Laurent Schengen geschwat, hien ass ee vun de Vize-Presidente vun der Associatioun vun de Studente-Cerclen "ACEL". Wat déi éischt Grupp ugeet, ass d'Recommandatioun zimmlech kloer:
"Ech mengen dat einfachst wär effektiv warscheinlech fir Leit, déi sech lo iwwerleeën, studéieren ze goen, net an d'USA ze goen, sou traureg dat och ass, wann dat dat éischt Studieland ass, wou ee wollt higoen. Mee datt een op europäesch oder aner Alternativen zeréckgräift."
Et wier am Moment awer net einfach, fir de Studenten Tipps ze ginn, well d'Situatioun sech ganz séier rëm ännere kéint.
BK: Du hues jo lo och schonn déi Studenten ugeschwat, déi aktuell op enger Uni an den USA studéieren. Déi hunn hire Visa jo awer schonn, wat kann deenen da passéieren?
MH: Do besteet d'Méiglechkeet, datt hire Visa rëm zeréckgezu gëtt. Dem Laurent Schengen no ass d'Situatioun extrem bedréckend an d'Onsécherheet bei de Lëtzebuerger Studenten an den USA extrem grouss. Et géing duergoen, datt een u Maniffe géint d'US-Regierung oder fir Palestina deelgeholl huet. Deelweis wiere Visaen esouguer widderruff ginn, well ee géint de Code de la route verstouss huet. Ma och wat een an der digitaler Welt schreift, ka Repercussiounen hunn:
"Et ass och wat een op de Social-Media-Kanäl deelt, datt déi bëssi iwwerpréift ginn. Deelweis gëtt een och vun anere Studente verroden, dat gëtt "doxxing" genannt. Datt dat, wat ee privat deelt, gesammelt gëtt an un d'Regierung weidergi gëtt."
An Zukunft soll dann och systematesch kontrolléiert ginn, wat déi potenziell Studenten op de Soziale Medie gedeelt hunn.
BK: Wéi gesäit et da mat Reesen aus den USA an Europa an ëmgedréint aus? Komme Lëtzebuerger Studenten ouni Probleem hin an zeréck?
MH: Also fir aus den USA op Lëtzebuerg ze kommen, do dierft et kee Problem ginn. Ëmgedréint géing ech meng Hand lo net an d'feier leeën. De Laurent Schengen seet zwar, datt der ACEL sou bis elo nach keen esou ee Fall bekannt ass, mee:
"Déi Angscht ass awer och schonn do, dat krute mer och am Ufank tatsächlech effektiv gesot, datt Leit lo einfach probéieren, sou laang wéi méiglech do ze bleiwen. Hiert Studium lo ouni Problemer fäerdeg ze kréien an da réischt zeréckzekommen, wa se hir Studie ganz ofgeschloss hunn."
Wéi vill Lëtzebuerger aktuell an den USA studéieren, weess d'ACEL iwwregens net. Et gouf ee Cercle an den USA, mee dee wier mëttlerweil net méi aktiv. Ma dee wier souwisou zimmlech lokal begrenzt gewiescht, wärend sech d'Studenten awer op déi ganz USA verdeelen.
Vun der amerikanescher Ambassade zu Lëtzebuerg heescht et iwwerdeems op Nofro hin, datt jiddereen, den ee Visa kréie wëllt, seng Demande weiderhi stelle kann an déi och traitéiert gëtt. Leit, déi schonn ee Visa hunn, dorënner och Studente, kréie rappelléiert, datt si reegelméisseg iwwerpréift ginn. Si ginn encouragéiert, sech un d'Gesetzer vun den USA ze halen, well si soss riskéieren, hir Eligibilitéit fir ee Visa ze verléieren