90 Prozent vun de Kanner hu mat 12 Joer hiren éischte Smartphone

© Image Tima Miroshnichenko via Pexels
Wéi benotzen déi Jonk den Internet a wéi fréi fänke si domat un? Äntwerten op dës an aner Froe gëtt de "Bee Secure Radar".
Fir Donnéeën ze sammelen, gi vum Service National de la Jeunesse (SNJ) all Joer zwou Ëmfroe gemaach - eng fir déi Jonk an eng fir d'Elteren. Fir d'Ëmfro bei deene Jonke goufen tëscht Ufank Juni a Mëtt Juli 2024 am Ganzen 916 Kanner, Jugendlecher, a jonk Erwuessener tëscht 12 an 30 Joer befrot. D'Resultater vun der Etüd kënnen zwar net als representativ fir déi ganz Lëtzebuerger Populatioun ugesi ginn, ma se kënnen allgemeng Indikatioune ginn.
D'Ëmfro bei den Eltere gouf Ufank Juni 2024 an Zesummenaarbecht mat der Ilres duerchgefouert. 541 Eltere vu Kanner am Alter tëscht 3 a 16 Joer hu matgemaach.
Wéini kréien d'Kanner hiren éischte Smartphone?
Déi jonk Generatiounen hautdesdaags bezeechent een als "Digital natives" - si si mat Technologie opgewuess a kenne sech dacks souguer besser domat aus wéi hir Elteren. D'Kanner kommen a jonke Jore schonn domat a Kontakt. Vun de 541 Elteren, déi fir de Bee Secure Radar befrot goufen, hunn 42 Prozent uginn, datt hiert Kand deen éischte Kontakt mat der digitaler Welt nach virum Alter vu véier Joer hat.
54 Prozent vun den Elteren hunn uginn, hiert Kand hätt ee Smartphone. Am Verglach zum Joer virdrun ass dës Zuel liicht zeréckgaangen - ëm ronn 9 Prozent. Änlech wéi d'Jore virdrun hunn déi meescht Kanner - 90 Prozent - mat 12 Joer hiren éischte Smartphone. Am Duerchschnëtt kréie si den éischte mat 10,77 Joer. An der Alterskategorie vun tëscht 12 a 16 Joer hunn da scho 96 Prozent ee Smartphone.
D'Eltere goufen och befrot, ob hir Kanner schonn een Account an de Soziale Medien hätten. 61 Prozent vun den Elteren hunn uginn, hir Kanner hätten nach keng Accounts. Vun deene Kanner, déi awer schonn een Account haten, waren d'Majoritéit 12 Joer al, wéi se sech déi éischte Kéier ageloggt hunn. Heizou sief gesot, datt een u sech op d'mannst 13 Joer al muss sinn, fir sech een Account bei Instagram, Facebook, Snapchat oder TikTok maachen ze dierfen.
Bei den Apps si YouTube a WhatsApp ënnert deene beléiftste bei Kanner a Jugendlechen, wärend Instagram virun allem bei den Alterskategorie vun tëscht 12 a 16 Joer an tëscht 17 an 30 Joer u Bedeitung gewënnt. Bei de Kanner am Primärschoulsalter sinn déi am meeschte gebrauchte Sozial Medie WhatsApp (53 Prozent), Snapchat (37 Prozent) an TikTok (22 Prozent). Am Secondaire sinn et virun allem Snapchat (74 Prozent), WhatsApp (67 Prozent) an Instagram (47 Prozent).
Wéi vill Zäit verbréngen déi Jonk virum Ecran?
Fir de Bee Secure Radar 2025 goufen déi Jonk dann och gefrot, wéi vill Zäit si op hirem Smartphone verbréngen. Dofir sollte si an hirem Handy iwwert déi entspriechend Funktioun kucken, wéi vill Screen Time si den Dag virdrun haten. Wann den Dag virdrun e Samschdeg oder e Sonndeg war, sollte si d'Donnéeë vum Freideg eraussichen.
Bei wäitem déi meescht Zäit virum Smartphone-Ecran hunn déi Jonk tëscht 17 an 30 Joer verbruecht: 5 Stonnen a 14 Minutten. Hannendru kommen déi 12 bis 16 Joer al Jugendlech, déi eng duerchschnëttlech Screen Time vu 4 Stonnen an 8 Minutte gemellt hunn. Am Verglach: Wärend d'Léierpersonal mat engem Duerchschnëtt vun 3 Stonnen an 42 Minutten net esou wäit hannert hire méi jonke Schüler ass, hunn d'Elteren eng duerchschnëttlech Screen Time vun nëmmen 2 Stonnen a 47 Minutten uginn.
Jonk Kanner verbréngen dacks méi Zäit um Tablet wéi um Smartphone. Den Elteren no verbrénge 40 Prozent vun de Kanner tëscht 3 an 11 Joer all Dag Zäit um Smartphone, wärend et beim Tablet scho 60 Prozent sinn.
D'Eltere goufen dann och gefrot anzeschätzen, wéi vill Zäit hir Kanner (12-16 Joer) an de Soziale Medie verbréngen. Hei louchen d'Aschätzunge vun den Elteren an déi vun deene Jonken nawell zimmlech wäit auserneen. D'Elteren hunn uginn, 20 Prozent wiere guer net do ënnerwee. 1/3 vun deene Jonke géifen den Elteren no manner wéi eng Stonn, an 1/3 tëscht enger an dräi Stonnen an deene Soziale Medie verbréngen.
Déi Jonk tëscht 12 a 16 Joer hunn awer vu sech selwer gesot, weesentlech méi Zäit an de Soziale Medien ze verbréngen: 35 Prozent (1/3) hunn uginn, si wieren tëscht enger an dräi Stonnen drop. 24 Prozent (1/4) hu vu sech gesot, tëscht véier a sechs Stonnen an de Soziale Medien ze sinn, an 18 Prozent (bal 1/5) soten, si géife souguer iwwer sechs Stonnen den Dag an de Soziale Medie verbréngen.