Mataarbechter musse sech nei orientéieren
D’Hoffnung, dass de Site vu Liberty Steel zu Diddeleng iwwerholl gëtt, gëtt ëmmer méi kleng.
"Hei sëtze mer elo virun enger sozialer Katastroph fir d'Leit, wou mer laang gehofft hunn, dass de Repreneur géif kommen", kommentéiert de Jean-Luc de Matteis vum OGBL d’Decisioun vum tierkesche Stolhiersteller Tosyali Holding, Liberty Steel zu Diddeleng net z’iwwerhuelen. Dës Hoffnung war ugangs dës Mounts endgülteg geplatzt. Fir 130 bis 140 Mataarbechter gëllt et elo, sech nei z’orientéieren.
Zanter Jore scho gëtt net méi um Site vu Liberty Steel zu Diddeleng produzéiert. Zanter Enn November ass de Konzern insolvent. Den Echec vun enger Iwwernam ass eng batter Pëll fir d’Employéen. Hien wier immens traureg, seet den Hubert Lacouture, fréiere Personalvertrieder vum OGBL bei Liberty Steel, dee bal 30 Joer do geschafft huet. Et hätt ee laang op en neien Entrepreneur gewaart, deen do war. Dee si gutt 2 Méint waarde gelooss hätt. An um Enn ass en net méi do an et wier een ouni Aarbecht an ouni Zukunft.
D’Gewerkschafte sinn net méi zouversiichtlech, dass eng séier Léisung fir d’Rettung vum Standuert ka garantéiert ginn. Fir e Repreneur ze fannen, géing nämlech Méint daueren, gëtt de Jean-Luc de Matteis vum OGBL ze bedenken. Et kéint een de Leit awer net soen, nach weider ze waarden. Si bräichten no jorelaanger Ongewëssheet elo Stabilitéit. Et misst ee schnellstméiglech Aarbechtsplaze fir si fannen. Do géing zesumme mam Aarbechtsministère an der ADEM gekuckt ginn. Och wéilt een en Jobdag fir si organiséieren.
Dass den tierkesche Stolproduzent Tosyali sech zréckgezunn huet, hänkt mat EU-Schutzmoossname géint Importer aus Drëttlänner zesummen. Fir d’Produktioun wollt d’Firma nämlech Stol notzen, deen aus senger Wierker an der Tierkei an an Algerie kënnt. Domat wier fir si de Site net méi rentabel gewiescht. "Et ass eng richteg Katastroph an e richtege politeschen Echec op nationalem an europäeschem Niveau", fënnt de Robert Fornieri, stellvertriedende Generalsekretär vum LCGB. Ob nationalem Niveau hätt een net d’Moyene fir dëse Reegelungen ze begéinen. Reegelen, déi senger Meenung no absolut inadequat fir verschidde Situatioune wieren.
De Gewerkschaftler hofft, dass d’EU hir Feeler an der Zukunft unerkennt a redresséiert. Wat elo mam Site geschitt, bleift ongewëss. De Curateur hätt nach eng Frist vun 3 Méint, fir e Repreneur ze fannen, deen de Site an eng Produktioun iwwerhëlt.