De Wirtschaftsminister Lex Delles erkläert, wéi et dozou komm ass, dass d’Hoffnung vun enger Iwwernam vu Liberty Steel um Enn dach geplatzt ass.

Wéi geet et lo weider?
 
Wat déi lescht Joren um Site vu Liberty Steel zu Diddeleng geschitt wier, wier dramatesch, sot de Wirtschaftsminister Lex Delles am RTL-Interview. Den Dossier géing elo beim Curateur leien, nodeems eng definitiv Faillite zejoert gesprach gi war. Dësen hätt no der Faillite Offeren erakrit vun Entreprisen, déi de Site wéilten iwwerhuelen. "Do war den türkesche Grupp interesséiert, deen och eng Offer ofginn huet, déi de Curateur zréckbehalen huet", erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles. Et hätt och Echangë ginn, fir de Site erëm kënnen un d'Lafen ze kréien. A leschter Minutt hätt dunn den zukünftege potenziellen Exploitant decidéiert, sech zréckzezéien. Seng Erklärung dofir wieren d’Stroftaxe vun der EU op d'Aféierung vu Stol aus Drëttlänner. 
 
De Site wier awer speziell, wéi de Minister weider betount. Op deem engen Deel géing déi technesch Beaarbechtung gemaach ginn, op deem aneren, dem Galva-Deel, géing d’Matière première beaarbecht ginn. Dës Matière première, also de Stol, wollt den tierkesche Stolproduzent aus der Tierkei an aus Algerien aféieren. En Import aus Drëttlänner, dee mat EU-Taxe beluecht ass. De Robert Fornieri, Generalsekretär adjoint vum LCGB ass der Meenung, dass dës Affär e politeschen Echec op nationalem an europäeschem Niveau wier. Ob nationalem Niveau hätt een net d'Moyenen, fir dëse Reegelungen ze begéinen. Reegelen, déi senger Meenung no absolut inadequat fir verschidde Situatioune wieren. 
 
Bei der Fro, wéi et elo zu Diddeleng weidergeet, hält de Minister Lex Delles sech kuerz. Den Dossier wier nees zréck beim Curateur, deen elo géing verschidden Offeren, déi deemools erakomm wieren, nach eng kéier evaluéieren. Oder eventuell och nei Offeren. 
 
D’Gewerkschaften hunn awer keng grouss Hoffnung méi, dass nach Léisunge fonnt ginn. Et kéint een déi 140 bis 150 fréier Liberty-Steel-Employéeën net weider waarde loossen, betount de Jean-Luc de Matteis vum OGBL. "Elo si mer an enger Situatioun, wou mer schnellstens mussen nei Aarbechtsplaze kréie fir d'Leit. Well déi Leit hunn elo laang gelidden an et gëtt elo Zäit, dass se elo ënnerkommen", seet de Gewerkschaftler. 
 
Wat da mam Site passéiert, ass bis elo onkloer. De Curateur hätt nach 3 Méint, fir e Repreneur ze fannen. "De Site ass awer och net ganz onproblematesch. Mir schwätzen hei vu Pollutioun, déi op verschiddene Plazen ass", seet de Minister. Och géinge gewëssen Instabilitéiten am Buedem virleien. Elo misst ee kucken, déi beschtméiglechst Léisungen ze fannen. 
 
Verschidde fréier Liberty-Steel-Mataarbechter hate bis zum Schluss nach gehofft, dass et eng Reprise géing ginn. "Fir eis ass déi lëtzebuergesch Industrie amgaangen, ze verschwannen", mengt ee Mann, deen eng 30 Joer an der Stolindustrie geschafft huet. 
 
Den 20. Juni gëtt da vum Aarbechtsministère, zesumme mat der Adem en extra Jobdag fir déi 130 bis 140 fréier Liberty-Steel-Mataarbechter organiséiert. Schliisslech hätt een eng Penurie de main d’oeuvre am Land.