Zil ass et, dem breede Public de kulturelle Räichtum vum reliéise Patrimoine méi no ze bréngen.

Bei der 11. Editioun um “Weekend vun den oppene Kierchen”, waren d’Diere vu 66 Gebaier op.
 
Wéi präägt d’Zesummespill vun Adel a Klerus d’Geschicht vum Land? A wéi weist sech dat haut nach an de Kierchen? Um "Weekend vun den oppene Kierchen" haten d’Visiteuren d’Méiglechkeet, dëse Froen nozegoen. Vill Gebaier, déi haut net méi all Dag fir de Public op sinn, waren nämlech net zougespaart a vill Guidë stounge prett.

Den Event gouf mat engem gewëssen Hannergedanken an d’Liewe geruff. “Kierche bidden en immens grousse Patrimoine. Et ass Konscht dran, et ass awer och eng Plaz vun der Rou an et ass ganz vill Geschicht an eise Kierchen”, erkläert d’Laure Simon vun der ErwuesseBildung, déi de Projet koordinéiert.  An et wieren och vill Spuere vun de lokalen Adelegen dran ze fannen.
 
Dohier koum och d’Iddi vum Slogan dëst Joer: “Déi Adeleg an eise Kierchen”. Eng Verbindung, déi bis op d’Grënnung vu Lëtzebuerg zréckgeet. Ongeféier zäitgläich mam Siegfried senger Buerg um Bockfiels gouf och eng kleng Kierch um Fëschmaart gebaut, wou haut d’Méchelskierch steet. Gegrënnt gouf dës also vum Grof Siegfried zesumme mam Äerzbëschof vun Tréier, dee se consacréiert huet. Eng Fënster an der Kierch wéist haut nach op dës Zeen hin. “Et gesäit een d’Verbindung an där éischter Phase vum Chrëschtentum, tëscht dem weltlechen an dem geeschtlechen Adel”, seet den Historiker Michel Margue.

Adel a Klerus, eng Symbios, déi een ouni deen anere wuel net funktionéiert hätt. Schutz fir Legitimatioun an ëmgedréit. “Dat ass e géigesäitegt Verhältnis, besonnesch an der éischter Zäit vun der Kierch, wou déi weltlech Herrschaft an déi reliéis Herrschaft net getrennt ass”, seet de Michel Margue. D’Kierch hätt den Adel gebraucht fir d’Christianiséierung um Land ze verbreeden. Déi Adeleg hunn dogéint d’Kierche gebaut, an doraus ass eng Organisatioun entstanen, déi et haut nach gëtt. Déi vun de Poren an d’Kierchenorganisatiounen mat de jeeweilegen Hierarchien.
 
D’Geschicht aus dëser Zäit gëtt och besonnesch an der Kathedral siichtbar. Zum Beispill an de konschtvolle Fënster vun der Fürstentribün, déi de Weekend ausnamsweis fir de Public op war. D’Mireille Sigal huet d’Visiteure ronderëmgefouert.

D’Fënstere wieren e ganz kompriméiert Billerbuch iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht, erkläert si. “Et gesäit een, wéi am Klengen zu Lëtzebuerg déi kierchlech an déi weltlech Politik a Geschicht anenee gegraff huet, a wéi dat ganzt och nach an engem europäesche Kontext ze verstoen ass”, sou d’Pastorialreferentin a Guidin. Vun Uewen erof sinn an de Fënster d’Glawensbekenntnis a Biller ze gesinn, dono Bëscheef, drënner Fürsten an um Schluss, ganz ënnen, Episoden aus der Lëtzebuerger Geschicht.
 
Adel a Kierch - eng Verbindung, déi also bis haut a Glas a Steen erhalen ass. Et si Spueren, op déi de “Weekend vun den oppene Kierchen” nees Liicht wërft.