Virun e puer Méint war et d’Nouvelle, datt d’Rëschtungskonzerner Rheinmetall an Hensoldt vun der rouder Lëscht vum Kompensatiounsfong gestrach gi sinn.

Déi Gréng haten an deem Kontext d’Fro gestallt, wat d’Grënn an d’Krittäre fir déi Decisioun wären. E Mëttwoch de Moie gouf et an der parlamentarescher Kommissioun fir Gesondheet a Sozial Sécherheet Erklärungen.

Chamberkommissioun Pensiounsfong / Reportage Marlène Clement

Fir d’Investissementer vum nationale Rentekompensatiounsfong gëllt, datt d’Sue vun den Assuréeë sollen nohalteg an ethesch investéiert ginn. Op der sougenannter Rouder Lëscht sti Betriber a Konzerner, an déi een als Lëtzebuerger Pensiounsfong net wëll oder däerf investéieren. Dorënner bis viru puer Méint och Rheinmetall an Hensoldt. E Mëttwoch goufen et Erklärunge vun der zoustänneger Ministesch Martine Deprez.

Et hätt een awer verséchert kritt, datt de Pensiounsfong keng generell Oprüstungsapproche géing suivéieren. Dat géing ee berouegen, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard. Dat confirméiert och d’CSV-Deputéiert Françoise Kemp.

Den LSAP-Deputéierten a Matgrënner vun der Aktioun fir de Fridden viru 40 Joer Mars di Bartolomeo huet nach emol kloer betount, de Pensiounsfong dierft net op enger Rëschtungswell surfen. Wann een déi Rëschtungsindustrie nees richteg um Rullen hätt, da wier et ganz schwéier, déi nees gestoppt ze kréien.