"Dëse Weekend gouf et hei am Land en änleche Fall wéi a Frankräich", wou jo wärend der Fête de la musique op d'mannst 145 Frae mat Sprëtze gepickt goufen.

Dat sot den Inneminister Léon Gloden en Dënschdeg de Mëtteg an der Froestonn an der Chamber an huet präziséiert, datt dat zu Lëtzebuerg vun e Sonndeg op e Méindeg geschitt ass. Also um Virowend vun Nationalfeierdag.

De Léon Gloden op der Chambertribün

D'Police wier gutt vernetzt mat de Gemengen an och d'Schoule wiere fir si e ganz wichtege Partner fir déi Jonk ze sensibiliséieren, heescht et vum Ressortminister.

De Léon Gloden mécht en Appell u jiddereen, all Incident direkt bei der Police ze mellen.