Uechter ganz Frankräich sinn de Weekend Frae mat Sprëtzen attackéiert ginn. E Phenomeen, deen a Frankräich net nei ass.

Uechter Frankräich goufen 145 Fäll gezielt vu Fraen, déi Affer goufe vu Männer, déi si mat Sprëtze gepickt hunn. Dat an der Nuecht op e Sonndeg wärend der Fête de la musique. Eng Rei Fraen hunn och missen am Spidol behandelt ginn, wou wuel och e Méindeg de Moien nach toxikologesch Analyse lafen.

Wat genee nämlech an deene Sprëtzen dra war, ass net gewosst. 12 Verdächteger goufe festgeholl, 4 dovunner zu Angoulême am Weste vun Frankräich. Si solle ronn 50 Frae gepickt hunn. Enquêteuren no wier kuerz virun de Festivitéiten op de soziale Reseauen dozou opgeruff ginn.

Dëst Phänomen ass net nei, wéi déi franséisch Zeitung Le Monde schreift. Mëttlerweil ginn et uechter den Hexagon iwwer 800 Plainten an iwwer 1.000 Temoignagë vu Fraen an deels och Männer, deenen dëst geschitt ass, wa se owes erausgaange sinn. Den Zenario ass zanter Méint ëmmer den nämmlechten: wärend engem Concert, engem Festival, an der Disko oder an enger Bar spieren d'Fraen e kuerzt picken um Been, um Aarm an um Hals. Duerno gëtt hinne schlecht oder si fale schwaach oder bei ville geschitt och näischt. Et bleift e Rätsel fir d'Enquêteuren. Le Monde mécht de Rappell, dass a Groussbritannien änlech Virfäll gemellt ginn.