Wat ass "Needle-Spiking"?
"Needle Spiking" nennt een et, wann een onbemierkt beim Feieren mat enger Sprëtz gepickt gëtt an deemno wéi geféierlech Substanze gesprëtzt kritt.
Besonnesch nom leschte Weekend krut de Spiking méi Opmierksamkeet: Eng 150 Leit, meeschtens Fraen, a Frankräich hunn uginn, op de Feierlechkeeten vun der Fête de la Musique Affer dovun ginn ze sinn. Och hei zu Lëtzebuerg gouf et dëse Weekend deen éischte Fall.
De Projet Pipapo, koordinéiert vun der ASBL‘’4motion’’, engagéiert sech zanter Joren, fir besonnesch déi Jonk iwwer d’Droge-Konsommatioun opzeklären, an iwwer d’Gefore vum Nuetsliewen ze sensibiliséieren. Datt ee säi Glas wärend dem Rausgoen net soll aus den Aen verléieren, ass jo ewell bekannt.
D’Gefor awer, beim Feiere mat enger Sprëtz gepickt ze ginn, mat eventuell Substanzen dran, ass dogéint méi nei: D’Motiver vun den Täter sinn net kloer an d’Sprëtzen u sech ass am Kontext vun enger Feier och net esou evident.
2021 gouf deen éischte Fall vu Spiking a Groussbritannien gemellt an och bei eisen Noperen a Frankräich gëtt de Phenomen, wéi rezent op der Fête de la Musique, ëmmer méi bekannt.
Op eis Nofro hunn, huet d’Police eis da wësse gedoen, datt eng Fra um Virowend vun Nationalfeierdag ee Stach vun enger Pick gespuert hätt a sech och medezinesch kontrolléiere gelooss huet. Et wier keng Plainte deposéiert ginn, mee et ass den Appell vun der Police, all verdächteg Persounen ze mellen. D’Sécherheet beim Rausgoe wier ee breet gefächerten Effort, deen och méi Acteure muss abannen.
Vill Affer géife sech nach ëmmer net trauen, esou Fäll ze mellen, dofir wëll de Projet Pipapo och weiderhin iwwer d’Gefore beim Rausgoen opklären.