Den 2. Juli gëtt an der Chamber d'Petitioun vun der Lëtzebuerger Palästinenserin Dalia Khader diskutéiert.

Déi fuerdert d'Regierung op, Sanktioune géint Israel ze huelen, wéinst der Politik géint d'Palästina. Israel géif ëmmer nees internationaalt Recht briechen. Dofir misst ekonomeschen Drock gemaach ginn, esou d'Dalia Khader. D'Organisatioune Jewish Call for peace an Amnesty International, esou wéi d'Actrice Vicky Krieps ënnerstëtzen d'Petitioun. 

Dës Petitioun hätt Réckhalt an der Populatioun vum Land, seet d'Dalia Khader. Si verweist op déi reegelméisseg Demonstratioune fir d'Ënnerstëtzung vun de Palästinenser a fir d'Enn vum Krich a Gaza. Si seet, et géif vill Méiglechkeete fir Lëtzebuerg z’agéieren. Beispill: d'Néierloossunge vun der Firma NSO, déi d'Software Pegasus developpéiert huet. Mat där goufen och an Europa Journalisten ausspionéiert.

"Um nationalen Niveau ass dat awer och den Trade an Investment Office zu Tel Aviv. Mee als staarkt EU-Land, sech op EU-Niveau dofir anzesetzen, datt den Handelsaccord annuléiert gëtt. Lëtzebuerg ass eng grouss Finanzplaz. Mir géife gäre finanziell Sanktioune gesinn. Sou wéi mer dat bei Russland gesinn hunn."

Wärend d'Pressekonferenz fir d'Petitioun gelaf ass, koumen zu Bréissel déi europäesch Staats- a Regierungscheffe beieneen. Ee Punkt u um Ordre du jour war den Handelsaccord mat Israel. Well och d'EU festgestallt huet, datt Israel net méi all Oploen fir den Accord erfëllt.

Justement op deem Punkt ass Amnesty International méi zréckhalend. Wann deen Handelsaccord ausgesat géif, wier dovun och d'Zivilpopulatioun betraff, wéi den David Pereira erkläert huet. Amnesty fuerdert en direkte Stopp vum Siège vu Gaza an e Waffenembargo. Den David Pereira huet och op de Rapport vun der Mënscherechtsorganisatioun vum leschten Dezember verwisen, deen zur Konklusioun kënnt, datt juristesch d'Elementer vun engem Genozid a Gaza virleien. Dofir fuerdert och hie méi eng kloer Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung.

"Wéi eng Wäerter vermëttelt een? Wéi ee Respekt soll ee viru Gesetzer oder virun internationalem Recht hunn, wann ee seet, dat ass net esou evident. Nee et ass ganz kloer. Do gi Leit massakréiert, do ginn humanitär Leit massakréiert ëmbruecht, déi humanitär Hëllef kënnt net do un, wou se soll sinn a wann, da gëtt och nach op déi Leit, déi Wuere siche ginn, geziilt."

Wann d'internationaalt Recht net agehale gëtt, mécht dat d’Dier fir Atrocitéiten op, esou den David Pereira. Dofir misst een d’Recht vum palestinensesche Vollek op e Staat a Selbstverwaltung och unerkennen. An:

"Nous engager contre l'occupation illégale des territoires palestiniens occupés par Israel et là oui : Amnesty International appelle à des sanctions contre les entreprises et contres les responsables politiques qui sont en lien avec l’occupation illégale des ces territoires."

D'Martine Kleinberg vun Jewish Call for peace ënnersträicht, datt d'Aktioune sech net géint déi israeelesch Populatioun riichten.

"Aujourd'hui la société israelienne est perdue et extrêmement divisée et de plus en plus d’Israeliens manifestent non seulement pour libérer les hotages mais aussi pour que le régime change et que la guerre à Gaza s’arrête. Ces Israeliens ont besoin qu'on les soutienne. Aujourd'hui ils sont arrêtés dans les rues, ils sont maltraités. Qu'il soient juifs ou pas."

D'Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps huet Parallellen zur Nazibesatzung vu Lëtzebuerg gezunn:

"Mir wëlle bleiwen, hu mir deemools gesot. Mir wollte bleiwe, wat mir sinn. An dat ass eng Stëmm, déi kënnt vun engem Vollek, dat gesot huet: Ech sinn ech. Ech wëll net een anere sinn an ech wëll net, datt een anere mech occupéiert an ech wëll scho guer net, datt een aneren denkt, ech si manner wäert. Ech sinn ech. An als dee Mënsch sinn ech genee esou vill Wäert, wéi all déi aner Leit, dat hu mir deemools gefuerdert."

Lo wieren et d'Palästinenser, déi sech géint d'Occupatioun wieren an dat géinge fuerderen.

Den 2. Juli moies um 8 Auer, wann d'Petitioun an der Chamber diskutéiert gëtt, ass virun der Dier och eng Maniff, fir d'Petitioun z’ënnerstëtzen.