Mat de Kollektivverträg goung de Kaméidi un

D’Michèle Sinner huet d’Entwécklung am Konflikt vun de Gewerkschaften an der Regierung, déi zu der grousser Maniff gefouert huet, nogezeechent.
E Samschdeg um 11 Auer ass et esouwäit, da geet d’Maniff vun OGBL an LCGB géint déi aktuell Regierungspolitik lass. Si huet sech laang ugekënnegt. Scho virum Januar, wéi déi zwou grouss Gewerkschafte soten, si géingen op d’Strooss goen. Am Fong hu sech d’Konflikter scho mam Koalitiounsaccord vun der blo-schwaarzer Regierung ugedeit.
Datt de Luc no sengem Retour aus der Wirtschaft zréck an d’Politik awer de Luc géing bleiwen, dat stoung am Fong schonn am Koalitiounsaccord fest. Do steet dran, datt d’Salariéen an d’Employeuren am Beschte placéiert wieren, fir d'Aarbechtszäitorganisatioun am Betrib ze kennen. Dës ass dem aktuelle Code du travail no an de Kollektivverträg gereegelt, déi tëscht Employeuren a Gewerkschafte verhandelt ginn.
Net tëscht Patronen a Salariéen, well e Patron op déi kann Drock maachen, sou gesinn dat och international Konventioune vir, déi Lëtzebuerg viru Joerzéngten ëmgesat huet.
Dofir gesäit de Koalitiounsaccord och Ännerungen a Saache Kollektivverträg vir: Si géife reviséiert, fir eng besser Aarbechtsorganisatioun z’erméiglechen. "L’objectif sera de faciliter les accords entre employeurs et salariés tout en garantissant que ces discussions se déroulent sur un pied d’égalité."
Et stoung och dran, datt d'Sonndesaarbecht vu véier op aacht Stonnen am Code du travail géing eropgesat ginn an d’Ouvertureszäiten am Commerce géingen ugepasst ginn, allerdéngs a Concertatioun mat de Sozialpartner.
Kee Wonner deemno, datt d’OGBL-Presidentin Nora Back schonn am Mäerz d'lescht Joer sot: "Mir hunn eng nei Regierung, déi eng konservativ-liberal Regierung ass, wou mer musse fäerten, datt eis Errongenschaften ugegraff ginn, wou mer eis mussen asetze fir d’Situatioun vun de Leit. Mir hu ganz vill Dossieren, déi op eis wäerten duerkommen."
Ma et war vergläichsweis roueg, bis et de leschten Oktober am Comité permanent du travail et l’emploi, an deem sech Regierung a Sozialpartner op d'mannst dräimol d’Joer gesinn, geflaamt huet. Dunn ass de Konflikt oppen ausgebrach. Den LCGB-President Patrick Dury war no der Reunioun ausser sech.
"Wat den Aarbechtsminister de Moie gemaach huet, dat ass déi schlëmmsten Attack op de Lëtzebuerger Sozialmodell, déi mir an de leschten 30 Joer erlieft hunn."
Wat war geschitt? Am CPTE goung iwwert d’Ëmsetzung vum fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit senger Mindestloundirektiv rieds. An, wéi d’Nora Back iwwert den Aarbechtsminister Georges Mischo sot, "hien huet ebe sech net konnten dozou äusseren, datt e sech un déi Lëtzebuerger Gesetzgebung hält an déi seet eben, haut e Kollektivvertrag, gëtt verhandelt tëscht Patronen a Gewerkschaften. An dat ass awer fir eis d’Prämiss, fir driwwer ze schwätzen. Wéi komme mer dann elo zu méi Kollektivverträg, datt een un deem dote Modell festhält. Dat awer e Modell ass, dee sech iwwert déi lescht Joerzéngte bewäert huet an den och e bëssen de soziale Fridden zu Lëtzebuerg garantéiert huet."
Dovun ofgesinn, steet an där Direktiv eng Clause de non-regression. Et däerf kee Réckschrëtt, keng Beschneidung vun de Rechter vun de Salariéë ginn. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet net esou ganz suedelfest gewierkt, wat déi aktuell national an déi nei europäesch Gesetzgebung ugeet. Hien huet de Gewerkschaften d’Schold ginn.
"Si sinn erausgaangen, well si net zefridden waren, datt ech keng Ausso gemaach hun, zu engem Monopol vun der Verhandlungsbasis an den Entreprisen. An et ginn natierlech och Entreprisen, wou keng Leit vum OGBL oder vum LCGB representéiert sinn. Et ginn Entreprisen, do si reng neutral Delegéiert. Dat heescht, déi kéinten da kee Kollektivvertrag ausmaachen. Dat kann ech mer jo net virstellen."
Och dat ass gesetzlech gereegelt. Onofhängeg Delegéiert kënnen enger Gewerkschaft e Mandat ginn, fir mat hirem Patron ze verhandelen. An esou vergeet vun deene Wochen dono bal keng Woch, an där den Aarbechtsminister sech net iergendwou erkläert an zeréckruddert. Woubäi d’Widderspréch awer och ëmmer méi evident ginn. Hei op der Antenn: "Also ech wëll mol hei eppes kloerstellen a richtegstellen: Ech hunn de Gewerkschaften näischt, guer näischt ewechgeholl."
Well et weider onkloer war, wat gewollt wier, huet hien och an der Chamber ënnerstrach: "Datt ech ni gesot hunn, datt d’Gewerkschaften hire Monopol an dësem Kontext géingen ewechgeholl kréien. Ech bestätegen dat elo hei nach emol."
Och de Premier Luc Frieden huet dat nach am Oktober confirméiert. Ma d’Situatioun huet sech net berouegt, well d’Messagë vun der Regierung widderspréchlech bliwwe sinn. "Zugläich muss een natierlech kucken, wat ass genee de Contenu vun deene Kollektivverträg. Muss een net verschidden Detailer méi um Niveau vun den Entreprisë maachen, wéi maache mer déi Modernisatioun vun der Aarbechtszäitorganisatioun", esou de Luc Frieden no engem Regierungsrot.
Ma wien d’Aarbechtszäitorganisatioun aus de Kollektivverträg eraushëlt, deen hëlt de Gewerkschaften duerchaus eppes ewech.