D’Michèle Sinner huet d’Entwécklung am Konflikt vun de Gewerkschaften an der Regierung, déi zu der grousser Maniff gefouert huet, nogezeechent.

E Samschdeg um 11 Auer ass et esouwäit, da geet d’Maniff vun OGBL an LCGB géint déi aktuell Regierungspolitik lass. Mat de Kollektivverträg goung de Kaméidi lass, ma du koumen aner Dossieren dobäi. D’Michèle Sinner huet d’Entwécklung nogezeechent.

Historique Sozialkonflikt (2/3) / Réckbléck Michèle Sinner

Knapps waren d’Gewerkschaften aus dem CPTE eraus marschéiert, do deposéiert den Aarbechtsminister eng Reform vun der Sonndesaarbecht vu véier op aacht Stonnen. Hie vergësst dobäi der Chambre des salariés hiren Avis ze froen. Parallel schéckt de Wirtschaftsminister Lex Delles seng Reform fir d’Liberaliséierung vun Ouvertureszäiten am Commerce op de Wee. Vu 5 Auer moies bis 22 Auer owes kann een akafe goen. An dann nach dobäi all Sonnden. Combinéiert féieren déi zwee Texter dozou, datt d’Patronen net méi mat de Gewerkschafte musse besser Bedéngunge verhandelen, wa méi dacks a méi laang sonndes soll geschafft ginn. Wat och elo schonn am Kader vun engem Kollektivvertrag méiglech ass.

Ma wéi den Tom Baumert vun der Luxembourg Confederation erkläert, wëllen d’Patronen dat net. "Mir fannen de Kollektivvertrag an deem hei Beräich, fir Ëffnungszäiten ze reglementéieren, einfach ze komplex. Dat ass eis Positioun."

Ma déi proposéiert Reforme ginn de Patronatsvertrieder nach net wäit genuch. Si fuerderen eng komplett a radikal Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten. A si stellen ëmmer nees d’Representativitéit vun de Gewerkschaften a Fro, wéi an dësem Extrait de President vun der UEL de Michel Reckinger.
 
"Mir hunn 30.000 Entreprisen, wou keng Gewerkschaft an der Delegatioun ass. Wat solle mer da mat deenen 30.000 Entreprisë maachen, déi hunn alleguerte ganz spezifesch Froen, déi hunn alleguerte ganz spezifesch Äntwerten, déi se kënnen am Betrib maachen. A mir hätte gären natierlech, datt de Patron ka mat senge Leit iwwer verschidde Saachen [schwätzen]."

De Wording ass bal dee selwechte wéi am Aarbechtsminister senger Ausso. An et ass och kloer, wou sech Schwaarz-Blo fir de Koalitiounsaccord inspiréiert hunn.

Am neie Joer - Enn Januar - réckelen OGBL an LCGB, déi sech d’lescht Joer als Konkurrente bei de Sozialwalen an och soss an deene Jore virdrun näischt geschenkt hunn, méi no beieneen. Si annoncéieren de Front syndical fir gemeinsam Aktiounen, wéi d’Nora Back erkläert. "Wann net en Alenke kënnt vun der Regierung op den Dossiere Ladenöffnungszäiten, op den Dossieren Aarbechtszäiten, op den Dossiere Kollektivverträg an och d’Pensiounsreform gehéiert dozou."

Sozialdialog wier net just nolauschteren an dono awer maachen, wéi ee wëll, esou de Patrick Dury. "Mir sinn dogéint, datt dat do par décret de Mufti esou da soll en place gesat ginn an eng Matsprooch, eng Gestioun, eng Co-Gestioun vun där ganzer Situatioun geschitt net."

Datt et dozou, also zu engem Décret de Mufti, och bei der ugekënnegter Pensiounsreform kënnt, déi Angscht konkretiséiert sech bei de Gewerkschaften. Dat, well sech ëmmer méi däitlech ofzeechent, datt amplaz mat de Sozialpartner an der gewinnter Dräierronn ze diskutéieren, der Sozialversécherungsministesch Martine Deprez hire Consultatiounsprozess "Schwätz mat" virun allem dozou féiert, d’Salariatsvertrieder zu enger Stëmm ënner villen aneren ze maachen - hir Positioun also verwässert gëtt a si och soss vertréischt ginn. Mat Sozialdëscher oder Sozialronnen, déi de Premier schonn am Januar ugekënnegt hat.

Ma bis Abrëll hat keen eppes héieren, dofir huet déi gréng Deputéiert Djuna Bernard nogefrot. An de Luc Frieden huet erzielt, datt hien d’Sozialpartner zwar gesinn hätt, mee d’Positiounen op allen Dossier weider wäit géifen auserneeleien. "An dat sinn alles also sozial Gespréicher, déi noutwenneg sinn an eisem Land. Do, wou mer virukommen, maache mer dat zu dräi. Do, wou mer net viru kommen, zéie mer Konklusiounen a proposéieren dann als Regierung Solutiounen, déi versichen, deem engen an deem aneren esouwäit ewéi méiglech Rechnung ze droen."
 
Ma spéitstens a senger Ried zur Lag vun der Natioun sollt de Luc Frieden sengen Detracteure Recht ginn. Hie war sech nach sécher, seng Sozialronnen oder -dëscher hätte gutt funktionéiert. "Déi waren e Succès. Well déi dräi Säiten hu sech erëm fonnt – och wann dat am Ufank schwéier war – si hunn nogelauschtert a sech respektvoll ausgetosch. Dëse respektvollen Echange wëll d'Regierung an den nächste Méint weiderféieren, och an den entspriechende Gremie vum Sozialdialog."

Ma e puer Minutten drop presentéiert hien déi graff Linne vun der Pensiounsreform, also beschlosse Saach, a confirméiert de Verdacht, datt de ganze Consultatiounsprozess eng Alibiveranstaltung war. Baby- a Studiejoren, déi d’Patrone wollten ofschafen, gi bäibehalen. "Ma dofir wäerte mir d'Cotisatiounsjore lues a lues eropfueren. D'Karriär, déi ee muss absolvéiert hunn, fir en Urecht op eng Pensioun ze hunn, wäert iwwert eng Rei Joren all Joers stufeweis ëm dräi Méint verlängert ginn."

A weider: "Fir déi, déi riskéieren, an d'Altersaarmut ze rutschen, féiere mir eng cibléiert Sozialhëllef an. A fir déi, déi e puer Su spuere kënnen, maache mir privat Pensiounen am drëtte Pilier méi attraktiv, fir d'Leit ze encouragéieren, sech en zousätzlechen Apel fir den Duuscht am Alter opzebauen."

Privat Zousazpensiounen, un deenen d’Finanzbranche verdéngt, ma wou fir d’Leit net vill erausspréngt, weider fërderen, hat d’Sozialversécherungsministesch Martine Deprez schonn iwwert ee Joer méi fréi an engem Interview als Méiglechkeet an d’A gefaasst. An natierlech méi laang schaffe goen. Souguer d’Deputéiert vum Koalitiounspartner DP wousst net, datt déi Annonce géing kommen, wéi de Gilles Baum an der Emissioun Kloertext sot.

"Den Här Premier huet am État de la nation annoncéiert, dass vun 2030 un all dräi Méint soll ugepasst ginn an effektiv ass dat eng Informatioun, déi mir leider net haten. Dofir ware mer iwwerrascht. Mir hate se an der Fraktioun net an ech wier frou gewiescht, well ech awer och alt emol den Här Premierminister heiansdo um Telefon hunn. Dat ass awer eng ganz ganz wichteg Decisioun, wou ëmmer gesot ginn ass 'leet eis mol eppes op den Dësch'."

Antëscht huet de Vizepremier Xavier Bettel zwar zouginn, datt hie Bescheed wousst. Ma d’Gewerkschaftssäit huet dat awer net berouegt.