No de grousser Maniff vun OGBL an LCGB e Samschdeg de Mëtteg huet de Premierminister e Samschdeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg reagéiert.

E Samschdeg war et jo esou wäit: OGBL an LCGB hunn zesumme géint d'Politik vun der Regierung protestéiert. Dës wier aus Siicht vum Front syndical neo-liberal an anti-sozial. Am Fokus vun de Protester: de Luc Frieden.

E Samschdegowend war de Premierminister live am Journal op der Tëlee, fir op d'Manifestatioun ze reagéieren.

De Luc Frieden huet vun enger "erfollegräicher Manifestatioun" geschwat, déi hien um Samschdeg de Moie mat vill Eescht verfollegt hätt. Et wiere wuel haart Messagë gewiescht, déi hien héieren hätt, ma hien hätt d'Ambitioun, de Premierminister vun alle Leit ze sinn a misst dowéinst och d'Messagë vun all de Leit héieren.

Op d'Fro, wéi et sech ufillt, wann iwwer zéngdausend Leit géint déi eege Politik op d'Stroosse ginn, sot de Regierungschef, dass esou grouss Reformen, ewéi ee se den Ament géing ugoen, ëmmer och Géigereaktioune géingen ausléisen. Ma et misst een eng Léisung am Dialog mat alle Leit ugoen.

"Besser maachen" an "eescht huelen"

Eng Manifestatioun vun där Gréisst, wéi ee se gesinn huet, wier och e Message, d'Saache besser ze maachen. Et misst een d'Mandat vun der Regierung ëmsetzen, awer gläichzäiteg och de Sozialdialog eescht huelen. Dat wier och säin Zil.

A Saache Pensiounsreform wier d'Regierung bereet, iwwer all d'Propose vu verschiddene Modeller ze diskutéieren. Ma wann een den aktuelle Modell géing bäibehalen, géingen et an Zukunft iergendwann keng Pensioune méi ginn. De Luc Frieden hätt dann och schonn e Samschdeg de Mëtteg, also relativ kuerz no der Maniff, mat de Presidente vun OGBL an LCGB geschwat an hinne gesot, dass d'Suerge vun hire Membere vun der Regierung géingen eescht geholl ginn. Gläichzäiteg hätt en och mat de Spëtzte vun de Patronatsvertriedunge geschwat. Dat en vue vun der Reunioun den 9. Juli, fir de Sozialdialog ze relancéieren.

Pensioun: "Melangë vun ënnerschiddleche Systemer"?

Op de Reproche, d'Land wéi e CEO wëllen ze féieren, sot de Staatsminister, dass dësen hie géing treffen, och als Mënsch. D'Reprochë vun enger anti-sozialer Politik géingen net zoutreffen. Et hätt een als CSV/DP-Regierung eng ganz Partie geziilt sozial Mesuren ëmgesat, wéi zum Beispill d'Verdräifachung vun den Energieprimmen. Wann ee Politik mécht, da géing een dat mam Zil maachen, dass et de Leit besser geet.

D'Propos vun der Regierung, den effektive Pensiounsalter eropzesetzen, wier déi, déi d'Regierung aus enger Partie Grënn, déi se och erkläert hätt, am beschte géing fannen, fir de Pensiounsystem ofzesécheren. Ma et wier ee bereet, iwwer aner Pisten an iwwer Melangë vun ënnerschiddleche Systemer ze diskutéieren, sou de Premierminister. An dat, wéi vun de Gewerkschafte gefuerdert, "op Aenehéicht".

De kompletten Oflaf vun der Manifestatioun kënnt Dir nach eng Kéier an eisem Ticker noliesen.

RTL