Suspekte Geroch koum vu cheemescher Substanz "Isocyanat"
E Méindeg den Owend koum et am Bartrenger Akafszenter jo zu engem gréisseren Asaz vu Police a CGDIS, dee mat den héijen Temperaturen ze dinn hat.
Wéi eis d'Dr. Anne Vergison, Chef de division vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère erkläert, hunn déi waarm Temperaturen dofir gesuergt, datt dësen Isocyanat sech méi einfach an der Loft fräigesat huet.
"Ce produit peut être extrêmement volatil quand la température augmente et donc c'est probablement quelque chose, qui est lié au fait qu'on a des grosses chaleurs maintenant ou on a plus facilement la diffusion de certaines substances chimiques qui vont se mettre dans l'air et intoxiquer les gens."
Zwou Persoune koumen e Méindeg fir eng Kontroll an d'Spidol. D'Police huet an hirem Bulletin zwar matgedeelt, datt vun der Substanz keng Gefor ausgeet, ma d'Dr. Vergison betount trotzdeem, datt den Isocyanat Otemprobleemer ervirruffe kann. Dat wier och bei de concernéierte Persounen an der City Concorde de Fall gewiescht.
"C'est l'occasion, je pense, de rappeler que beaucoup de produits chimiques sont dangereux, beaucoup sont inflammables à des températures parfois pas si élevées que ça ou qui deviennent très élevées."
Et wier dowéinst wichteg, cheemesch Substanze korrekt ze stockéieren a virun héijen Temperaturen, besonnesch wärend Canicullen, ze schützen.