"Supremacist, Rassist, Revisionist"

© RTL-Archivbild
Um Stater Bezierksgeriicht war en Dënschdeg den Optakt vum Prozess géint e jonken Neonazi, deen Attentater op verschidden Ziler soll geplangt hunn.
Him gi Verstéiss géint d’Waffegesetz, mee och d’Planung vun terroristeschen Attentater, d’Zougehéieregkeet zu enger Terrorgrupp, de Recrutement an den Training fir dee Grupp virgehäit.
E Chimieslabo, deen e Commodo gebraucht hätt
De jonke Mann vun haut 23 Joer ass zu Lëtzebuerg gebuer an huet schweedesch Originnen. Uganks 2020 hat d’Police eng Perquisitioun a sengem Elterenhaus zu Stroossen gemaach. Dobäi war Material séchergestallt ginn, aus deem Sprengstoff ka gemaach ginn. Bei der Perquisitioun war och e Pak fonnt ginn, dee mat Neel ausgekleet war, a wuel sollt eng Pakbomm ginn. Deemools war verschidde Material direkt op der Plaz vum Service déminage zerstéiert ginn. Säi Laboratoire war esou ekipéiert, datt en dem Commodo-Gesetz no engem Etablissement vun der Classe 1 entsprach hat, fir dat et awer keng Autorisatioun gouf.
Säi Labo, deen en deels an der Wäschkichen, deels am Garage vu sengem Papp sengem Haus zu Stroossen ageriicht hat, huet och de franséische Sprengstoffexpert nawell impressionéiert. De Beschëllegten hat dran net just Glieser, Mixer, Filter an esou weider, fir Sprengstoff ze maachen, ma och dat néidegt Ekipement fir sech ze schützen. Labosblouse, Oureschutz, fir wann et bei den Tester knuppt. An eng Gasmask. Bei der Perquisitioun goufen net just aktiv Substanze wéi Nitroglycerin an TATP fonnt, mee och Chlortablette mat deenen et méiglech gewiescht wär, Chlorgas hierzestellen. Donieft hat hien och 15 Liter Urin gebunkert. Viru Joerzéngten, huet den Expert erkläert, hunn d'Palästinenser am bewaffente Kampf géint Israel, wa se soss näischt haten, doraus Urée erausgezunn, fir Sprengstoff ze syntheetiséieren.
"How to build a nuclear bomb”
Alles an allem, sou de franséische Sprengstoffexpert, hätt den Ugeklote genuch Material do gehat, fir den Equivalent vun engem Kilo Dynamit ze produzéieren. Material, dat een direkt zu Sprengstoff ka verschaffen, an dees wat ee "précurseur" nennt, well eng Tëschenetapp noutwenneg ass. Donieft goufen eng Hellewull digitaalt Instruktiounsmaterial fonnt, dat den Ugeklote sech erofgelueden hat. Dorënner Titelen, déi d’Base vun der Sprengstoffhierstellung erklären, wéi "The chemistry of explosives", ma och méi spezifescher wéi "Boobytraps", "How to build a nuclear bomb" a Breveten, déi Detonateuren erklären. "Une documentation numérique très intéressante du moins techniquement parlant", sou den Expert vun Paräis. Se wier koherent, alles en Vue vun der Hierstellung vun Explosiven. Dat wier keen Zoufall.
Doriwwer eraus huet den Ugekloten net just am Internet Instruktiounsvideoe gekuckt, en huet och selwer Videoe gedréint, ënnert anerem, wou ee gesäit, wéi hien Nitroglycerin syntheetiséiert. "Très carré", sou den Expert. Zwar kéint hien dat jo an dësem Kontext net wierklech "professionell" nennen. Mee den "Degré de professionalisme est important". A senger ganzer Karriär hätt hie keng esou eng detailléiert Affär gesinn, "(...)avec une synthèse aussi bien faite." Hien huet vun enger "ménace explosive réelle" geschwat. "Elle est toxique aussi avec le chlore."
Bei der Perquisitioun hat de Beschëllegte knapps 18 Joer. Mat 17, dat Joer virdrun, hat hie mat engem Kolleeg a Schweden Feier an enger Nerzfarm geluecht. Dowéinst war hien a Schweden 2021 wéinst Brandstëftung zu enger Prisongsstrof mat integralem Sursis an enger Geldbouss verurteelt ginn.
Hien soll Member vun der rietsextremer Gruppéierung "The Base" gewiescht sinn a vun der Green Brigade, déi rietsextrem Ideologie an Déiereschutz matenee verbënnt, sougenannten "Ökofaschisten". Déi Kontakter goufen iwwer Internet an an Chatgruppe geknäppt.
De Psychiater an de Psycholog, déi d’Expertis vum Ugeklote gemaach hunn, soten, datt keng psychiatresch Probleemer oder Perséinlechkeetsstéierung virleien an datt hien iwwerduerchschnëttlech intelligent wär.
Expert: "Fir mech si Leit mat esou enger Ideologie geféierlech"
De psychiatreschen Expert sot, hie wier e Supremacist, Rassist, Revisionist, wat d’Shoah ugeet an en hätt eng grouss Adhérence un déi nationalsozialistesch Ideologie. Hien hätt e gewëssene kulturelle Rassismus. E wier der Meenung, verschidde Kulture sollte sech net vermëschen. Hie géing u genetesch Rasse gleewen a wier iwwerzeegt, an Israel géife Gentester gemaach, fir ze kucken, ob d’Leit jüddesch wieren. De Vertrieder vum Parquet huet aus Messagen zitéiert, wou de Beschëllegten am Bezuch op d’Shoah vu 6 Millioune Stécker Fleesch geschwat hat, déi "gegrillt goufen". Op d’Fro, ob de Beschëllegte geféierlech wier, sot den Expert: "Jo, fir mech si Leit mat esou enger Ideologie geféierlech." Deemno och, wa kee Krankheetsbild virläit.
Radikaliséierungslecture: "Mein Kampf"
De psychologeschen Expert sot, den Ugekloten hätt eng grouss Determinatioun fir seng Ziler duerchzesetzen, dat hätten Tester gewisen. Hien hätt och an de Gespréicher mat sengem Papp u sengen Iwwerzeegunge festgehalen. De Psycholog huet vun enger narzisstescher Blessur an der Jugend geschwat. Wéi den Ugekloten an de Lycée koum, hat hie Probleemer, sech ze integréieren a Frënn ze fannen. Dowéinst hat hien emol iwwerméisseg Alkohol gedronk, war an d’Klinik ageliwwert ginn an hat doropshin e puer Rendezvousen an der Kannerpsychiatrie. De Psycholog huet gemengt, bei der Arrestatioun, wier dem Beschëllegte seng Sich no senger Identitéit nach net fäerdeg ofgeschloss gewiescht. Hien hätt eng gewëssen Immaturitéit gehat, och vis-à-vis vu Meedercher. Déi hätt de Beschëllegten allerdéngs domat erkläert, datt hien ze usprochsvoll wär an nach net deem Richtege begéint gewiescht wier. Ma hien hätt hei zu Lëtzebuerg just e puer Kolleege gehat, déi meescht vu senge Frënn wieren a Schwede gewiescht.
A sengen Neonazi-Gruppen hätt hien no Leadership gesicht, esou de Psycholog. D’Radikaliséierung hätt 2015-2016 ugefaangen, wéi hien ee Joer a Schweden bei senger Mamm gewunnt hätt. Am Ufank wier en éischter konservativ gewiescht, dunn nationalistesch an dunn nationalsozialistesch. Hien hätt ënnert anerem "Mein Kampf" vum Adolf Hitler gelies. Soss huet de Psycholog den Ugekloten als stabil a stressresistent Persoun ageschat. Ma gläichzäiteg hätt en eng niddreg Frustratiounsschwell. Emol hat hien, nodeems e vun enger Bai gepickt gi wier, de ganze Beiestack a Brand gestach. Wéi de Bam, un deem en houng, ugefaangen huet mat brennen, hunn d’Pompjeeë misse läsche kommen. De Psycholog huet den Ugekloten als "méticuléis" Persoun beschriwwen. E géif wéineg drénken, vill Sport maachen, soss gären Zäit mat senger Famill a senge Frënn verbréngen, Filmer kucken a Videospiller spillen. Hie kéint altruistesch sinn a wier ganz loyal vis-à-vis vu Frënn a Famill. Hie wier och besonnesch frou mat Hënn. Wéi dat eent an dat anert, den Holocaustrevisionist an de loyale Kolleeg géife beienee passen, huet de Vertrieder vum Parquet d’Experte gefrot. De Beschëllegte wier wuel intelligent genuch, fir net iwwerall iwwert seng Iwwerzeegungen ze schwätzen, esou d’Explikatioun.
"Haut schummen ech mech"
De Beschëllegten hat um éischte Prozessdag selwer als éischten d'Geleeënheet, kuerz d'Wuert z'ergräifen. Hie sot, e wier vu klengem un un explosivem Material a Pyrotechnik, also Freedefeier interesséiert gewiescht. Säin Interessi fir Chimie hätt hien net wëlle fir politesch Ziler asetzen. Haut géing hien zu Stockholm Chimie a Chimiesingénieur studéieren. Hien ass der Meenung, d’Enquêteuren hätten d’Quantitéiten u Material, déi fonnt goufen, exageréiert. Wat seng Kontakter zu de rietsextreme Gruppen ugeet, sot hien, haut géif hie sech dowéinst schummen. Ma deemools, mat 17 Joer, hätten déi Leit him Respekt ginn, d’Gefill ginn, e wier net eleng a vun Zougehéieregkeet, mee och e Gefill vu Muecht. Hie wier deconnectéiert gewiescht vun der Realitéit, hannert sengem Computer. Mee hien hätt ni bei enger Missioun oder engem Training matgemaach.
De Representant vum Parquet huet a senge Froen un déi verschidden Experten awer an Zweiwel gezunn, datt den Ugekloten dem Nazi-Milieu de Réck gedréint hätt. Dat, well hien no senger Entloossung aus der Untersuchungshaft nees de Kontakt do gesicht hätt. Ma d’Defense huet bei den Experten nogefrot, ob hie sech an deene fënnef Joer, déi zanterhier vergaange sinn, net hätt kënne weider entwéckelen a seng fréier Iwwerzeegungen iwwerwannen. Et wier e jonke Mann, war d’Äntwert. Dat eent an dat anert wiere méiglech.
De Prozess geet en Donneschdeg weider. Da ginn d’Zeie vun der Police gehéiert.