Gemeng Gréiwemaacher seet "Nee" zu Ausbaupläng vun Tanklux
Op en Neits mécht den Ausbau vu Pëtrolslager vun der Firma Tanklux, d'Aktualitéit zu Gréiwemaacher an den Nopeschgemengen.
Tanklux, déi am Mäerter Hafen etabléiert ass, plangt, hir Tanklageren ëm méi wéi dat Duebelt ze vergréisseren. D’Entreprise huet dofir eng offiziell Autorisatiounsdemande gestallt. D'Maacher Buergermeeschtesch Monique Hermes ass kloer géint de geplangten Ausbau vun den Tanklageren. An och op der anerer Säit vun der Musel kënnt dat net gutt un.










































































































































































































































































D'Buergermeeschtesch ass net d'accord mam geplangten Ausbau vum Tanklager am Mäerter Hafen. Aktuell chiffréiere sech d'Kapazitéiten op ronn 60.000 Meterkibb, d'Firma Tanklux wëll se gär ëm weider 90.000 Meterkibb vergréisseren. D'Etudë fir ze kucken, wéi een Impakt den Ausbau op d'Ëmwelt an op d'Sécherheet huet, goufe schonn ofgeschloss. Den Environnement fënnt, dass den Dossier komplett wier. Virun 10 Joer gouf et ënnert dem deemolege Buergermeeschter Léon Gloden ewell déi nämmlecht Diskussioun. Deemools war ee sech eens. D'Maacher Buergermeeschtesch Monique Hermes mengt, dat wier een des Kéier och. En Ausbau vum Tanklager léich net am Interêt vun der Gemeng a se geséich och kee Sënn doran:
"Et gëtt eng ganz Prozedur, mir hu missen en Affichage maachen, deen hu mir gemaach. Et ass elo Commodo-incommodo dee leeft. Den 2. Dezember hu mir eng Stonn Unhéierung vu Leit, déi wëlle kommen, si kënnen awer och eppes schrëftlech eraginn. Mir wäerten eis och vun enger externer Firma berode loossen. Et geet net anescht. Mir hunn een Ingenieur, deen sech elo ganz vill domat beschäftegt an och eisen Ëmweltschäffe muss do een Deel matmaachen an ech natierlech och."
D‘Biergerinnen a Bierger kënne sech nach bis den 2. Dezember an de responsabele Gemengen iwwer d'Dossieren informéiere goen. An där Zäit kënne schrëftlech Bemierkungen oder Reklamatioune beim Schäfferot eragereecht ginn. D'Elektrifizéierung soll viru gedriwwe ginn an net d'Fossilenergien, esou d'Buergermeeschtesch, vum ästheteschen Aspekt guer net ze schwätzen.














"Et ass elo schonn net schéin, op déi Tanken ze kucken, an et ass nach vill vill manner schéin, wann der elo nach vill méi do stinn. Also mir spillen hei ganz kloer de Ball, mir spillen den Aspekt a mir spillen d'Sécherheet, déi dat mat sech bréngt, a mir spillen déi immens Capacitéit, déi elo dobäi kennt."
Och déi kleng däitsch Gemeng Temmels mat hire ronn 800 Awunner ass concernéiert. Si läit direkt vis-a-vis vun den Tanklageren. Fir d'Buergermeeschtesch Doris Köbernik ass et elo schonn eng visuell Belaaschtung an d'Iddi, datt d'Installatiounen nach weider vergréissert solle ginn, stéisst dofir op wéineg Versteesdemech. Virun allem d'Fro vun der Sécherheet mécht hir Suergen.
"Es geht ja nicht nur um das Visuelle, sondern es geht ja auch darum, was passiert wenn eine Katastrophe eintritt. Das hätte dann erhebliche Auswirkungen auf die Temmelser Gemeinde. Sie sehen ja, der Abstand ist nicht gross, nur die Mosel liegt dazwischen. Ich muss ehrlich sagen, ich rechne dann im schlimmsten Fall mit einer Evakuierung der Temmelser Bürger."
D'Temmelser Buergermeeschtesch betount iwwerdeems nach, dass si e gudden Drot zu de Lëtzebuerger Nopeschgemengen huet an iwwerzeegt ass, dass een op e gemeinsamen Nenner kënnt. Bis de 15. Januar hunn d'Gemengen Zäit, fir een Avis ofzeginn. Well den Dossier sech awer iwwer 11 deck Classeuren zitt, hunn déi responsabel Gemenge gefrot, fir den Delai ze verréckelen.
Ufank Mäerz 2015 war et zu Gréiwemaacher zu enger Demo géint den Ausbau vum Tanklager komm. Kuckt HEI d'Fotoen.