CAPAT fillt Bols bei Organisatiounen a Fondatiounen
© RTL Archiv
91 Prozent vun den Organisatiounen an der Santé funktionéieren haaptsächlech mat Benevollen, all zweet Organisatioun huet kee Salarié.
De Bols bei de Patientenorganisatioune fillen. Dat war d'Zil vun enger Ëmfro, déi de Cercle vun de Patientenassociatioune -kuerz CAPAT- gemaach huet, nodeems e sech viru ronn 3 Joer gegrënnt huet. Et wollt een net einfach a blannen Aktivismus verfalen, mä präzis kucken, wat déi verschidden Organisatiounen oder Fondatioune brauchen.
Ënnert hinne sinn zum Beispill d'Alzheimerassociatioun ALA, d'ASBL Blëtz, d'Fondatioun Kriibskrank Kanner, d'Fondation Cancer oder d'ALAN, déi Patienten hëlleft, déi eng rare Krankheet hunn. Si gehéieren anengems zu deenen 9 Grënnungsmembere vum CAPAT. An Tëschenzäit huet sech d'Zuel vun de Membere bal verduebelt an e Mëttwoch den Owend goufen d'Resultater vun der Enquête virgestallt.
Am Ganzen hu 34 Organisatiounen op d'Froe vum CAPAT geäntwert. Dat wier e representatiivt Resultat, mä et hätt ee ganz séier gemierkt, datt eng Rei Organisatiounen net méi aktiv sinn. Dofir fuerdert de Cercle vun de Patientenassociatiounen e Repertoire, dee reegelméisseg aktualiséiert gëtt. D'Sabrina Rerman, Coordinatrice beim CAPAT.
"E Patient, dee betraff ass vun enger Krankheet, muss kënnen nokucke wéi eng Organisatioun gëtt et, déi sech ëm déi Krankheet këmmert. Hautdesdaags gëtt et kee Registere oder keng Plattform, wou een all déi Organisatiounen erëmfonnt. Et gëtt net sou souzesoen en digitalen Telefonsbuch, wou ee sech erëmfënnt."
D'Etüd weist dann awer och, datt d'Stëmm vun deenen Associatiounen oder Fondatiounen, déi et gëtt, dacks net gehéiert gëtt. Zum Beispill um Niveau vun der Gesondheetskeess oder a verschiddenen Ethikkommissiounen. Dat ass eppes wou een e laangen Otem brauch, seet d'Shirley Feider, d'Presidentin vum Cercle vun de Patientenassociatiounen.
"Dat mécht een net vun haut op muer. An et muss een op verschidden Niveaue schaffen. Wa mir déi Demande stellen, musse mer och dofir suergen, datt Patientenorganisatiounen déi néideg Ressourcen hunn, fir kënnen u Versammlungen deelzehuelen, fir kënne reegelméisseg en Apport ze bréngen. An et ass dat erëm ee vun den Defien. Mir hunn nämlech och festgestallt, datt eng Rei Patientenorganisatiounen nach net esou gutt opgestallt sinn, net onbedéngt déi Ressourcen hunn, weeder finanziell nach am Manpower."
91 Prozent vun den Organisatioune funktionéieren nämlech haaptsächlech mat Benevollen, all zweet Organisatioun huet kee Salarié. Si finanzéiere sech iwwer Cotisatiounen, Donen a Konventioune mam Staat, déi awer reegelméisseg mussen erneiert ginn. Hinne wier mat méi enger sécherer finanzieller Situatioun gehollef a mat engem Lokal oder mat Säll, déi se sech kéinten deelen, fir sech mat Patiente zesummen ze setzen a sech och mol ënnerteneen austauschen.
D'Enquête huet donieft gewisen, datt vill Organisatiounen national Regëstere vu Krankheete froen. Dat gëtt et den Ament just fir Kriibs bei Erwuessenen.
"Et ginn awer nach eng Hellewull vu Krankheeten, déi geleefeg sinn. Mir schwätze vun Diabetes, mir schwätze vun Häerzinfarkt, vun AVC an nach lauter anerer. An dozou ginn et am Fong keng konkreet Zuelen hei am Land."
Ma grad déi Zuele wiere wichteg, fir ze wëssen wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass, fir eng adequat Gesondheetspolitik kënnen ze maachen, fir d'Recherche, fir ze wësse wéi vill Ressourcë gebraucht ginn a fir sech kënne mam Ausland ze vergläichen.
De CAPAT géif sech och wënschen, datt de "Partenariat-Patient" formell unerkannt gëtt. Doriwwer kann ee sech méi am Detail informéieren. De Cercle vun de Patientenassociatiounen an d'FHL, also d'Spidolsfederatioun, invitéieren den 11. Dezember op en Informatiounsdag am Hémicycel um Kierchbierg.