Verkéierskontroll am Osten, Abréch am Westen
© Envato Rawf8
Zu Iechternach huet d'Police zwou Stonne laang zesumme mat der Douane kontrolléiert. Donieft ass dräimol agebrach ginn. D'Police sicht no Zeien.
En Donneschdeg am spéiden Nomëtteg war et zu Iechternach an der Waasserbëlleger Strooss eng gemeinsam Kontroll vu Police an Douane. 10 Automobiliste sinn dobäi verwarnt ginn, well se keng gülteg technesch Kontroll virweise konnten (145 Euro an 2 Punkten). An aacht Fäll war d'Steiervignette ofgelaf (74 Euro) an an zwee weidere Fäll war se méi wéi 60 Deeg ofgelaf (250 Euro). Donieft goufen nach dräi Fuerer erwëscht, deenen hiert Gefier net ugemellt war (145 Euro an 2 Punkten).
Abréch uechter d'Land
Zu Stroossen op der Areler Strooss hat d'Police am Laf vum Mëttwoch Nomëtteg eng Persoun gemellt kritt, déi versicht huet en Auto opzebriechen. Eng Patrull konnt de Mann stellen, deen doropshi protokolléiert gouf.
E Mëttwoch den Owend ass zu Rammerech an der Rue de Roodt an en Eefamilljenhaus agebrach ginn. Onbekannt Täter waren iwwer d'Terrassendier erakomm fir d'Haus ze duerchwullen.
Méi spéit am Owend war et zu Réiden un der Atert an der Rue d'Ospern en Abroch an een Eefamilljenhaus. Wéi d'Bewunner heem koumen, hunn d'Täter d'Flucht ergraff.
Am Zesummenhang mat dësen Abréch sicht d'Police vu Réiden no Zeien an Informatiounen. Wien eppes gesinn huet, ka sech mellen um Telefonsnummer (+352) 244 92 1000 oder per E-Mail op police.atert@police.etat.lu.