RTL-Medien dierfen Numm oder Biller vum fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft an Zukunft net méi nennen.

De fréiere Gewerkschaftspresident hat 2020 de Mammebetrib vun den RTL-Medien, CLT-UFA, op d’Geriicht geholl, fir dës Aschränkung fir zukünfteg Reportagen duerchzesetzen. Soss géing RTL seng Privatsphär verletzen. Hien hat an zwou Instanze Recht kritt, all Kéiers wann säi Numm fält, muss RTL 7.000 Euro bezuelen. Elo gouf dës Interdictioun och a Cassatioun confirméiert.

Den Affekot vun CLT-UFA Pol Urbany, sot an enger éischter Reaktioun:

"Ech sinn am Moment e bëssen erschreckt duerch dat Urteel, ech hat mer dat net erwaart. Mir haten de Parquet général, deen och op Cassatioun geschloss huet vun deem Urteel. Mir hunn och ganz vill gemaach a ganz vill Argumenter an d’Feld bruecht, fir dee Prozess ze gewannen. Elo sinn mer nateirlech enttäuscht."

De Parquet général hat effektiv op Cassatioun geschloss, well d’Riichter vum Fong negligéiert hätten, der enormer Mediatisatioun vun engem nationale Skandal Rechnung ze droen. Si, d’Riichter, hätten d’Gravitéit vun de Faiten negligéiert, wéinst deenen de fréiere Gewerkschaftspresident condamnéiert gi war. An de Schued, deen hien den Affer gemaach hat.

Hien war wéinst där Affär, déi an de Medie justement ënnert sengem Numm bekannt war an d’Aktualitéit iwwer laang Strecken dominéiert huet, 2007 an zweeter Instanz zu sechs Joer Prisong, dovun zwee mat Sursis verurteelt ginn. Dat wéinst Abus de confiance, Faux an Usage de Faux. Hien hat a senger Funktioun als President vun der Gewerkschaft eng Zort Investmentfong fir d’Memberen initiéiert, an deen Honnerte vu Bréifdréier hiert Gespuerten a Milliounenhéicht abezuelt haten, fir z’investéieren.

Ma de President hat sech ënnert anerem eng Finca zu Mallorca, Yachten an deier Autoe mat de Sue kaaft.
Hien huet seng Prisongsstrof ofgesiess an d’Affer kruten am Laf vun de Jore ronn 90 Prozent vun hirem Gespuertem zréck. D’Affer sinn deemno och haut nach net vollstänneg indemniséiert.

Direkt no der Sitzung hat de Pol Urbany den Arrêt nach net zougestallt kritt, konnt also net am Detail drop agoen.

"RTL huet scho ganz am Ufank vun dëser Affär gesot, wann dat doten Urteel bestoe bleift, egal op wéi engem Niveau zu Lëtzebuerg, wäerte mer op jidde Fall dat ufechten, well mir kënnen dat net zouloossen, datt mer eng Zensur hei à priori imposéiert kréien, wou mer eppes net däerfe publizéieren, wat awer historeschen an dokumentäre Wäert huet an am offiziellen Informatiounsberäich misst bleiwen."

Op Nofro sot de Pol Urbany, datt den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter déi nächst Instanz kéint sinn.

"Et gi Saachen, wou ee seet, dat do kënne mer akzeptéieren, dat heite kënne mer net, wann all Kéiers musse 7.000 Euro bezuelt ginn, wann een Numm genannt gëtt, deen am Zesummenhang mat enger historescher Affär steet. Dann ass dat ze vill e gravéierenden Agrëff an d’Pressefräiheet."

D’Riichter um Fong waren der Meenung, d’Recht op Pressefräiheet engersäits an dat op d’Privatliewen anerersäits, wieren an der Balance wann RTL nach kéint iwwer d'Affär schwätzen, mee ouni den Numm vun deem ze nennen, deen dofir verantwortlech ass a condamnéiert gouf. Ma de Parquet général hat a Cassatioun argumentéiert, si hätten déi noutwenneg zwéngend Grënn fir esou eng Aschränkung vun der Pressefräiheet selwer net genannt.

D’Gewerkschaft vun de Bréifdréier war deemools no der Affär finanziell um Enn an huet sech misse komplett nei opstellen. De fréiere Gewerkschaftspresident hat deemools aus der Untersuchungshaft eraus selwer Presse-Interviewen ginn, a spéider ënnert sengem Numm och e Buch iwwert d’Affär verëffentlecht, ënner dem Titel "Ich, alleiniger Sündenbück?", wat och nach ze kréien ass.

Ma zanterhier hätt hie sech aus dem ëffentleche Liewen zeréck gezunn, hat säin Affekot virun de verschiddenen Instanzen argumentéiert. Weider RTL-Reportagen, an deene säi Numm am Zesummenhang mat der Bréifdréieschgewerkschaft géife genannt ginn, géifen d’Recht op Privatsphär vum haitege Pensionär schiedegen. Theoretesch däerfe mir säin Numm also och mol net méi nennen, fir beispillsweis ze soen, wéi hien an d’Grënnung vun där Gewerkschaft involvéiert war. De Parquet général hat dowéinst och argumentéiert, d’Verbuet wier ze generell. Dat wier och de Fall, fir d’Verbuet, Biller vum Mann ze weisen, well RTL net just keng aktuell Fotoen oder Videoen däerf weisen, mee och keng Archivbiller aus där Zäit, wéi de fréiere Gewerkschaftspresident am ëffentleche Liewen stoung.

Dëst Verbuet gëllt iwwregens just fir RTL-Medien. All déi aner si fräi, säi Numm ze nennen.