Am Keller vu sengem Elterenhaus hat den Ugekloten 2020 ënnert anerem e Labo ageriicht fir Sprengstoff ze produzéieren.

Aacht Joer Prisong, dovun 6 mat Sursis, dat ass de Verdikt, fir e jonken Neonazi, deen am Juli de Prozess gemaach krut. Hien krut ausserdeem e Sursis probatoire vu fënnef Joer, deen un d’Konditioun gebonnen ass, datt hien un engem Deradikaliséierungsprogramm vu respect.lu Deel hëlt. Hien muss all sechs Méint e Certificat dofir virleeën. De Parquet hat 12 Joer Prisong gefrot an him Verstéiss géint d’Waffegesetz, mee och d’Planung vun terroristeschen Attentater, d’Zougehéieregkeet zu enger Terrorgrupp, de Rekrutement an den Training fir dee Grupp virgehäit.

Uganks 2020 hat d’Police zu Stroossen eng Perquisitioun am Elterenhaus vum deemools 18 Joer ale Mann mat schweedeschen Originne gemaach. Am Keller hat se Chimieslabo fonnt, deen esou ekipéiert war, datt en e Commodo Classe 1 gebraucht hätt.

Bei der Perquisitioun goufen net just aktiv Substanze wéi Nitroglycerin an TATP fonnt, mee och Chlortablette mat deenen et méiglech gewiescht wär, Chlorgas hierzestellen. Doriwwer eraus hat hie weidert Material gelagert, fir Sprengstoff ze maachen. Alles an allem hätt een domat kënnen e Kilo Sprengstoff maachen, hat en Expert am Prozess ausgesot.

D’Police hat och eng Pakbomm fonnt, déi mat Neel gefëllt war. Si sollt un eng schweedesch Produktiounsfirma goen, där hir Promotiounsfilmer fir déi skandinavesch Airline SAS dem Mann a senge Frënn ze vill en diverst Bild vu Skandinavie gewisen huet. Hien hat sech och am Darknet e Stuermgewier bestallt. Mat engem Kolleeg, deen hien iwwer Internet kannt huet, hat hien u Pläng geschafft, fir 2020 duerch eng Chlorgasattack eng Massepanik um ESC auszeléisen, deen dat Joer sollt zu Rotterdam sinn.

De jonke Mann war ausserdeem Member an der Terrororganisatioun “The Base”. Wärend dem Prozess hat déi zoustänneg Enquêtrice e Matschnëtt aus dem Opnamegespréich virgespillt. Si huet “The Base” als “féierungslos Resistenzgrupp” bezeechent. E Sammelbecken, fir Leit mat all Zorten Haassideologien, mat nationalsozialisteschem Fundament, där hir Memberen duerch Gewaltaktioune versichen, den Ëmstuerz vum westleche Gesellschaftssystem erbäi ze feieren an e Rassekrich auszeléisen. Hire But ass et, e wäissen Ethnostaat ze grënnen.

De Mann war och Member bei der Green Brigade, déi rietsextrem Ideologie an Déiereschutz matenee verbënnt - sougenannten Ökofaschisten. 2019 hat hie mat engem Kolleeg e Feier an enger abandonéierter Nerzfarm geluecht a war 2021 wéinst Brandstëftung zu enger Prisongsstrof mat integralem Sursis an enger Geldbouss verurteelt ginn.

Wärend dem Prozess hat de jonke Mann, dee mëttlerweil a Schwede Chimie studéiert, gesot, hien hätt zwar nach konservativ Vuen, mee wier net méi radikal. Hien ka géint dëst Urteel an éischter Instanz an Appell goen.

E Reportage vum 20.01.2021

"Öko-Faschist" vu Stroossen a Schweden viru Geriicht
E Jong, deen ugangs 2020 zu Stroossen verhaft gouf an 9 Méint an Untersuchungshaft souz, steet elo a Schweden viru Geriicht.

RTL News (02.07.2025): "E Superlativ vun engem Extremist"