An hirem neiste Rapport deelt d'Direktioun vun der Santé d'Zuele mat vu Covid-19/SARS-CoV-2-, Influenza- an RSV-Infektiounen.

COVID-19/SARS-CoV-2

Am Laf vun der 47. Woch vum Joer, tëscht dem 17. an dem 23. November 2025, ass d'Zuel vun de gemellte SARS-CoV-2-Infektioune praktesch stabel bliwwen an nëmmen 3% par rapport zur Woch virdru geklommen, dat vu 65 op 67 Fäll.

D'Konzentratioun vun den detektéierte Viren am Ofwaasser ass geklommen. Bei de leschten Donnéeën hunn d'Varianten XFG (54,2 Prozent) an  XFG.3 (29,1 Prozent) dominéiert.

RTL

Gripp (Influenza)

D'Zuel vun de Fäll, déi am selwechten Zäitraum vun de Laboratoiren deklaréiert gi sinn, ass vu 50 op 75 geklommen. An der leschter Woch ware et 95% vun de Fäll d'Gripp vum Typ A a 5% vum Typ B.

RTL

RSV (Respiratoresche Synzytial-Virus)

Hei ass eng Hausse vun 30% ze konstatéieren, mat 83 confirméierte Fäll géintiwwer 64 an der Woch virdrun. Zënter Oktober 2025 fale 75% vun den Infektiounen hei op Kanner ënner 7 Joer, wat weise géif, dass virun allem jonk Persoune de Virus kréien.

RTL