Wat de Konflikt sech am Noen Oste sech méi zouspëtzt, wat d'Fuerderungen no Sanktioune géint Israel méi haart ginn. D'EU blockéiert dës awer.

Lëtzebuerg soll Israel fir seng Politik a Palästina sanktionéieren! Dat ass d'Fuerderung vun enger Petitioun, déi iwwer 4.700 Ënnerschrëfte krut an deemno e Mëttwoch an der Chamber debattéiert gouf. D'Petitionären hunn engersäits nach eemol betount, datt d'Situatioun a Gaza sech ëmmer weider verschlëmmert an Lëtzebuerg eng Obligatioun hätt ze agéieren. Et misst a sollt elo endlech agéiert ginn. Lëtzebuerg hätt d'Moyenen, mee de politesche Wëlle géif leider feelen, sot d'Petitionärin Dalia Khader. Fir si géing et duergoen, et muss a soll elo agéiert ginn:

"On ne peut pas transformer des villes en cimetières et se dire victime. C'est du terrorisme! On ne peut pas construire des checkpoints et appeler ça de la démocratie. C'est de l’apartheid. On ne peut pas enfermer les gens et parler de légitime défense. C'est un nettoyage ethnique."

Petitioun Sanktioune géint Israel / Reportage Claudia Kollwelter

D'Aufgab vun de Politiker wier et am Fong, sech fir déi Schutzlos anzesetzen a fir d'Mënschlechkeet anzestoen, huet d'Catherine Elsen ënnerstrach.
 
"D'ganz Welt gesäit, wat zu Gaza passéiert, mee eis Regierunge kucke léiwer no. Duerch hir Passivitéit léisst eise sougenannte Kontinent vun de Mënscherechter och nach muer zou, wat haut schonn do geschitt. Et ass grotesk, datt et den Drock vun der Zivilgesellschaft brauch, fir déi politesch Féierung u fundamental Prinzippie wéi Humanitéit a Respekt vum legale Kader ze erënneren."

Lëtzebuerg misst zum Beispill hire kommerzielle Büro zu Tel Aviv zoumaachen, fuerdert d'Petitionärin Khader.

"Fermer ces bureaux n'est pas juste un geste symbolique. C'est nécessaire pour des raisons juridiques, morales et pour la réputation de Luxembourg."

Ma och individuell Sanktioune wieren néideg:
 
"Pourquoi le Luxembourg n'a-t-il pas sanctionné de personnes comme Netanyahou ou Galant, alors qu'ils sont visés par des mandats d'arrêt de la cour pénale internationale? Pourquoi des ministres comme Ben-Gvir et Smotrich n’ont pas été sanctionné ici, comme en Angleterre?"
 
Et kéint een net als eenzelt Land Sanktiounen decidéieren, sou d'Argumentatioun vum Ausseminister Xavier Bettel.
 
"Sanktiounen, Dir wësst, dass mer keng Base legal hei zu Lëtzebuerg hunn. Fir Sanktioune muss et iwwert Europa gemaach ginn. Mir hunn zu Lëtzebuerg keng Base legal. Dat ass d'Realitéit. Wa mer zu 27 fäerdeg bréngen, Mesuren ze huelen, ass den Impakt vill méi grouss. Dat heescht, mir probéieren am Moment nach ëmmer ze drécken, fir dass verschidde Mesuren um europäeschen Niveau geholl ginn. Wa mer mierken, dass dat näischt wierkt… wann et Effikasses kéint sinn, wat en Impakt huet, sinn ech den Éischten, deen et gär géif maachen."
 
Wärend den Ausseminister d'Wuert an der Chamber ergraff huet, hunn eng ronn fofzeg Leit um Krautmaart hir Roserei ausgedréckt mat de Wierder "Schummt Iech".

Um Enn vum Debat gouf festgehalen, datt engersäits d’Cellule scientifique vun der Chamber soll kucken, wat een national ka maachen och ouni Base légale. Anersäits soll den Ausseminister bis Enn des Joers analyséieren, wat a Punkto Sanktioune vu Lëtzebuerger Säit méiglech ass.