D'Taina Bofferding huet eis fir de Sonndesinterview Rendez-vous am Bambësch ginn. D'LSAP-Deputéiert kënnt gär heihin, fir tëschenduerch ofzeschalten.

Si hätt eigentlech ni wëlles gehat, d'Politik zu hirem Beruff ze maachen, erkläert d'Taina Bofferding fir den Optakt vun eisem Gespréich. Dass si Politikerin gouf, wier eng Konsequenz vun hirem Choix gewiescht, sech fir d'Uleies vun deene Jonken anzesetzen:

"Et war ni wierklech meng Iddi, elo Beruffspolitikerin ze ginn, mee effektiv hunn ech fréi ugefaangen, mech ze engagéieren, aus deem einfache Grond, well et mech genervt huet, dass haaptsächlech eeler, gro Männer iwwert d'Zukunft vun de Jonke geschwat hunn an ëmmer gesot hunn an hire Sonndesrieden: 'Dat an dat ass gutt fir déi Jonk.' An ech mer geduecht hunn: 'Mee déi hu guer keng Anung vu wat déi do schwätzen, dat ass guer net deng Welt, déi déi do ëmmer an hire Rieden do thematiséieren.' An do huet ech geduecht: 'Nee, du muss lo selwer aktiv ginn an dech selwer engagéieren.'"

Ugefaangen huet der Taina Bofferding hir politesch Karriär bei de Jonksozialisten. Duerno war si Member vum Escher Gemengerot, souz als Deputéiert fir d'LSAP an der Chamber a war vun Dezember 2018 bis November 2023 Inneministesch a Ministesch fir d'Gläichstellung vu Mann a Fra.

D'Zäit als Ministesch: Covid an d'Grondsteier-Reform als grouss Erausfuerderungen

D'Méiglechkeet, als Ministesch fir hiert Land dierfen ze schaffen, wier fir d'Taina Bofferding eng grouss Éier gewiescht. Als Deel vun der Regierung kéint een d'Politik aktiv gestalten, ma dowéinst géing een awer och déi ganz Verantwortung droen:

"A jo, et ass scho speziell, wann een ëmmer seet: 'Dat do hätt ech gären, dat do muss gemaach ginn.' An dann op eemol ass een der Verantwortung an dann, jo, dréit ee se sech ëm an dann ass kee méi do. Da seet een: 'Elo muss een dat selwer maachen.' Mee et ass awer dat, wat am meeschte Spaass gemaach huet, dass ee selwer konnt Decisiounen huelen, konnt decidéieren, a wéi eng Richtung et soll goen. An et kann een och gestalten, dat heescht, et schwätzt een net nëmmen iwwert déi Iddien, déi een huet, mee et kann ee se ëmsetzen."

Si wier dankbar dofir, d'Chance gehat ze hunn, dierfe Ministesch ze sinn a géif haut nach gären op hir Zäit an der Regierung zeréckkucken, esou d'LSAP-Politikerin.

Als Ministesch huet een awer net nëmmen d'Méiglechkeet, déi eege politesch Iddien ëmzesetzen. Et muss een och d'Erausfuerderunge geréieren, virun deenen e Land steet. Dozou zielen dann och déi, déi plëtzlech optauchen, a mat deene kee gerechent huet. Mat enger Erausfuerderung vun dëser Zort hat dann och d'Taina Bofferding als Regierungsmember konfrontéiert:

"Also ee groussen Defi, mee ech mengen dat war deemools d'ganz Regierung, war natierlech Covid. Dat hat keen um Plang. Dat stoung a kengem Koalitiounsaccord. Dat huet een am Ufank an den Noriichten esou matkritt an op eemol ware mer matzendran an där Pandemie. Dat war scho ganz aussergewéinlech. Dat war och net déi schéinsten Zäit, muss ee ganz éierlech soen. Ganz schwiereg, mat all deene Mesuren, déi mer geholl hunn, mengen ech awer beschtméiglech konnten dat meeschteren."

Ee wichtege politeschen Dossier, dee si als Inneministesch ugaange wier, wier dann d'Reform vun der Grondsteier gewiescht:

"Et ass zwar e ganz techneschen Dossier, mee et huet ëmmer jidderee gesot: 'Do misst eng Kéier een dat waarmt Eisen upaken.' Dat huet kee gemaach. Ech mengen, dee Leschten, dee versicht huet eng Reform ze maachen, dat war 81. Ech sinn 82 gebuer. An do war ech herno awer houfreg, dass ech trotzdeem d'Reform kritt hunn. Se ass nach net gestëmmt. Si läit nach ëmmer am Moment am Tirang. Ech hoffen, dass se awer gläich do net mat Käpp gemaach ginn. Mee dat ass awer e wichtegt Instrument och fir am Logement, well mer och eng Mobiliséierungssteier maachen, fir déi Terrainen, déi och leie gelooss ginn, dass déi op den, op de Marché kommen.An de Logement ass en Theema, wat jo nach ëmmer aktuell ass, wat nach ëmmer ganz vill Leit virun Erausfuerderunge stellt. Dat ass de Problem am Moment hei am Land."

Sech och an der Oppositioun mat abréngen

No de leschte Chamberwalen ass et da fir d'LSAP an d'Oppositioun gaangen an d'Taina Bofferding huet sech als Deputéiert vun der Minoritéit an der Chamber erëmfonnt. Si wier natierlech léiwer an der Majoritéit bliwwen, mee et wieren nu Mol d'Spillreegele vun de Politik, dass ee sech no Wale kéint an der Oppositioun erëmfannen. Dat wichtegst wier, dass ee weiderhi seng Iddie géing abréngen, Et wier natierlech d'Roll vun der Oppositioun, d'Regierung ze kontrolléieren, ma et misst een och eege konstruktiv Iddien hunn a sech zesumme mat de Majoritéitsparteie beroden. Dowéinst wier et wichteg, dass een als Oppositiounspartei géing mat agebonne ginn. Een Dossier, op deem dat gutt funktionéiert huet, wier d'Individualiséierung vum Steiersystem gewiescht:

"Elo ganz rezent huet de Finanzminister d'Individualiséierung vum Steiersystem presentéiert. Dat ass eppes, wat mir och ëmmer gäre wollten ëmsetzen, wat eeben net dozou komm ass, duerch déi bekannte Grënn, Covid. Mee trotzdeem ware schonn déi éischt Beméiungen an der viregter Regierung. A mir si frou, dass de Minister eis awer elo geruff huet, fir eng Kéier mat eis driwwer ze diskutéieren, seng Iddien eis virzestellen. An do hu och gesot: 'Jo, dat geet schonn an eng gutt Richtung.' A mir sinn och gär bereet domadder ze hëllefen, well et ass och eng grouss Gesellschaftsreform. An et ass natierlech gutt, wann dat iwwerall de Konsens fënnt, dass do alleguerten d'Fraktiounen am beschte sech do eens sinn, wann ee scho eng grouss Reform huet."

En aneren Dossier, an deem et wichteg wier, dass ee sech als Oppositioun mat eegnen Iddie abréngt wier de Logement. Et géing engersäits drëm, d'Regierung ze inspiréieren, anerersäits misst d'Oppositioun, falls néideg, awer och als Korrektiv géigeniwwer der Regierung agéieren:

Oder wa mer mengen, dass si um falsche Wee sinn, fir hinnen dann ze soen: 'Hei beim Logement geet et net nëmmen duer, fir steierlech Moossname fir Promoteuren ze maachen, mee zum Beispill brauch et eng besser Protektioun fir d'Locateuren an eeben och déi Instrumenter fir Terrainen, déi broochleien, ze mobiliséieren.' Wéi gesot, also mir schaffen einfach mat."

D'Aarbecht als Rapportrice an der Spezialkommissioun iwwert d'Caritas-Affär vun der Chamber

En anere Rôle, an deem si an de leschte Méint vill ze dinn hat, ass dee vun der Rapportrice an der Spezialkommissioun iwwert d'Caritas-Affär vun der Chamber. 20 Sëtzungen hat een als Kommissioun, an deenen een eng ganz Panoplie un Acteure gesinn huet, déi op déi eng oder aner Manéier an d'Kris oder an d'Gestioun vun dëser involvéiert waren, vum fréiere Verwaltungsrot vun der Caritas, iwwert d'Banken bis zu de Regierungsmemberen.

An engem éischte Schratt wier et wichteg gewiescht, opzeschaffen, wéi et zu der Affär konnt kommen a wéi eng politesch Decisiounen an deem Kontext geholl goufen. Donieft wier et wichteg, dass ee sech als Kommissioun drop gëeenegt hätt, dass ee géing Recommandatiounen ausschaffen, wéi een, falls néideg, bei Lacunnen am Gesetz kéint nobesseren a wéi een de soziale Secteur kéint opstellen, fir esou Fäll an Zukunft ze verhënneren:

"Ech mengen, eng honnertprozenteg Garantie huet een net, mee awer Mol ze kucken, a wéi fern een awer Mol vläicht verschidde Kontrollmechanisme kann aféieren oder och Warnsystemer, fir dass et eeben net esou wäit kënnt. An dat war schonn e ganz spannenden Exercice."

Mat Amenter wier d'Aarbecht an der Kommissioun awer och frustrant gewiescht:

"Natierlech si mer heiansdo un eis Limitte gestouss, well et ass net jiddereen, dee mat eis wollt schwätzen. Et ass och net jiddereen, deen eis alles gezielt huet, wat e wosst. A mir haten och heiansdo esou ganz, wéi soll ech soen, kontradiktoresch Aussoen. Dann ass et natierlech e bësse frustrant, wann een dann eppes freet bei engem, ob deen dat gewosst hätt, an da seet deen Nee an op eemol iwwer d'Press gëtt een a gewuer, dass en et net awer wosst."

Trotzdeem wier d'Aarbecht an der Kommissioun ganz interessant gewiescht. D'Taina Bofferding wier frou, dass si d'nächst Woch an der Chamber de Rapport dierft virleeën. Da wier et vun de Fraktiounen, Positioun dozou ze bezéien, wéi de Krisemanagement vun der Regierung an d'Aussoe vum Premier ze bewäerte sinn, a sech zum Deroulement vun der Affär ze äusseren. Et wier eng Etapp, déi wuel nach net esou séier wäert ofgeschloss sinn.

D'Maniff vum Front syndical als Warnzeechen un d'Regierung an e Premier, dee säi Stil misst iwwerdenken

En aneren Dossier, deen eis wuel nach eng ganz Zäit laang dierft beschäftegen, ass dee vun der Pensiounsreform. Och d'Taina Bofferding war d'leschte Samschdeg an der Stad, fir géint d'Annoncen, déi de Premierminister an deem Kontext gemaach huet, ze demonstréieren. D'Aussoen, déi de Staatsminister um Owend vun der Maniff géigeniwwer RTL gemaach huet, hätt ee schonn dacks héieren, ma dru gehalen, hätt hie sech bis ewell net:

"Also déi Aussoen do, dass hie gäre wëll diskutéieren, an dass him och de Sozialdialog wichteg ass, well déi hu mer jo schonn x Mol héieren, déi si jo net nei. De Problem ass just, hie seet dat, e mécht just eppes ganz aneschters respektiv, e mécht jo näischt, e sëtzt sech jo net mat all de Sozialpartner un en Dësch. Bon, elo si se jo invitéiert fir den 9. Juli, wou da sollt iwwert d'Konklusioune vun där Consultatioun zur Pensiounsreform diskutéiert ginn."

Aktuell wier ee mat all den Diskussioune ronderëm d'Kollektivverträg, d'Direktiv vum Mindestloun, d'Pensiounen, d'Sonndesaarbecht, d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten éischter an enger Situatioun, an där et eng Tripartite bräicht. Et wier net gutt fir d'Land, wann ee sech bei esou ville Sträitpunkten net géing eens ginn. D'Tripartite, de Fait, dass déi eenzel Partner versicht hunn eng Solutioun auszehandelen, wier ëmmer eng Stäerkt vu Lëtzebuerg gewiescht.  Doru sollt d'Regierung och festhalen an an deem Kontext misst een och d'Maniff vum Front syndical bewäerten:

"Dofir war fir mech och ganz kloer déi Maniff e Samschden, dat war jo net just eng Maniff géint d'Pensiounsreform, mee et war virun allem och e Warnzeechen un d'Regierung, fir ze soen: 'hei haalt op, mat ärem Kuddelmuddel, mat ärem Gewurschtels. D'Leit wëlle gäre Kloerheet, d'Leit wëlle gären och Äntwerten op déi Erausfuerderungen, déi sech stellen, a virun allem wëllen d'Leit, dass dat zesummen eeben am Dialog ausgehandelt gëtt an net einfach, an dat ass jo awer e bëssen de Stil vun eisem Premier, dee vun uewen erof diktéiert, deen da seet: 'Oh dat do ass fir mech déi bescht méiglech Optioun, d'Leit elo méi laang schaffen ze loossen an der Pensiounsreform.' Dat solle mer, elo solle mer an déi do Richtung an der Pensiounsreform goen, mee da brauch een net, da verstinn ech net, firwat se esou eng breet Consultatioun gemaach hunn, dass se jo wierklech vill Leit do invitéiert hunn, an am Endeffekt gëtt et dann déi Optioun zréckbehalen, déi eigentlech guer kee wollt."

D'Zäiten, an deenen een als Premier vun uewen erof decidéiert, wieren eriwwer. Deementspriechend misst de Luc Frieden säi Regierungsstil iwwerdenken. D'Taina Bofferding géing den Ament allerdéngs net gesinn, dass de Premier dat verstanen hätt. Dat wier schued. Et hätt ee mat de ganze rezenten Diskussioune vill Zäit verluer, déi e besser hätt kéinten notzen:

"A mir hunn esou vill Defien hei am Land zesummen ze meeschten. A mir sollen eis Zäit an Energie doranner investéieren. An dee ganze Kuddelmuddel, Chaos ronderëm, dee misst guer net sinn. Deen hu si selwer kreéiert."

Dass d'Leit op d'Strooss ginn, géing weisen, dass se rosen a frustréiert wieren. Dëse Frust géing d'Gesellschaft splécken, dobäi wier et eigentlech d'Aufgab vun enger Regierung d'Gesellschaft zesummenzeféieren.

Dass de Premierminister säi Féierungsstil misst a Fro stellen, wier eng Fuerderung, déi een deels och géing aus der CSV selwer héieren. De Luc Frieden wier aktuell an den eegene Reien ëmstridden:

"Dat soe jo engersäits déi Leit, déi lo manifestéiert hunn, dat soe mir. Mee dat soe jo och CSV-Leit selwer. Do sinn der jo och elo, déi an der Lescht um Radio waren, déi och gesot hunn: 'Mir droen déi Reform, wa sech do näischt ännert, wéi och bei der Sonndesaarbecht oder bei der Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten', déi jo ganz kloer soen: 'wann do näischt ännert, da wäerte mir dat och net matstëmmen. Dat heescht, de Premier ass a sengen eegene Reien, a senger eegener Partei ass en och ëmstridden. An och dat ass eigentlech net gutt. Also, mir hätte jo gären e Premier, dee souverän ass, deen de Buttek am Grëff huet. An hei huet ee wierklech ëmmer méi d'Gefill, dass en d'Saach guer net am Grëff huet."

D'Land hätt der Taina Bofferding no aktuell e Premier deen ugeschloe wier. D'leschte Weekend wiere vill Leit op d'Strooss gaangen, fir ze soen, dass et géing duergoen.