Afferorganisatioune fuerdere Schafe vu speziellem Geriicht

© Michèle Sinner
D’Justizministerin Elisabeth Margue seet, et wier een am gaangen, de Code pénal z’iwwerschaffen, deen e “bësse verstëbst” wier.
An der Chamber gouf iwwert d’Petitioun vun der Associatioun La voix des survivants diskutéiert. Zil ass e bessere Kader, fir sexueller Gewalt virzebeugen an den Affer besser ze hëllefen. Ma d’Associatioun wëll och erreechen, datt Täter net automatesch bei der éischter Condamnatioun Sursis kréien. A si fuerderen e separaten Tribunal.
D’Petitionärin Ana Pinto huet hir Interventioun mat Auszich aus engem Bréif ugefaangen, déi en Affer sengem Vergewalteger geschriwwen huet.
"Chaque jour, chaque heure,chaque Minutte, il n 'y a pas une seconde qui passe sans que j 'ai l'impression que tu sois là, à mes côtés, en train de m 'agresser, encore etencore. Tu es là. Les images me reviennent constamment a chaque fois que jeferme les yeux."
D’Emotioune waren entspriechend grouss.
"D’Héloïse huet sengem Liewen en Enn gemaach an dat mat siwwenzéng Joer."
Ma d’Zuele sinn och insgesamt erschreckend.
"20 Prozent vun de Fraen erliewe bei eis Gewalt am Laf vun hirem Liewen. 17 % vun de Männer. An d'Täter, déi liewe weider fräi, heiansdo, ënnert dem selwechten Dag wéi hir Affer, geschützt duerch ze lues an deier Prozeduren, duerch eng ze schwaach Legislatioun, déi dacks schlecht applizéiert gëtt."
An:
"En Drëttel vun de Plainte vun haislecher Gewalt gi sans suite klasséiert."
50 Prozent vun den Täter géifen och recidivéieren. Dofir sinn d’Afferorganisatioune géint automatesche Sursis bei enger éischter Verurteelung.
Éischt Prioritéit fir d’Petitionärinnen ass awer och d’Creatioun vun engem spezialiséierten Tribunal:
"Mir fuerdere legislativ Instrumenter a Moyene fir d'Justice. Mir ruffen zur Schafung vun enger spezialiséierten Tribunal fir genderbaséiert Gewalt an hirem Impakt op Kanner als Covid-Victimmen op nom spuenesche Modell. Et muss ee wëssen, dass duerch d' Schafe vun esou engem Geriicht a Spuenien en Drëttel manner Feminiciden erreecht gouf."
Wat d’Fro vum Sursis ugeet, sot d’Justizministerin Elisabeth Margue:
"Dir wësst, datt ech am Januar e Projet de loi deposéiert hunn, fir de Prinzip ze änneren, well et effektiv eng Realitéit ass, datt u sech vill ze oft de Sursis an deenen hei Dossiere geschwat gëtt."
Si hofft, datt déi Gesetzesännerung nach ka virum Summer an der Chamber gestëmmt ginn. Si wëll sech der Iddi vun engem spezialiséierte Geriicht net verschléissen, esou d’Justizministerin. Mee dofir wier eng Verfassungsännerung noutwenneg. Dofir betount d’Elisabeth Margue.
"Onofhängeg dovun, ob mer e Geriicht schafen oder net, ech mengen, datt d'Formatioun, mir mussen d'Formatioun esou opstellen, datt ebe spezialiséiert Personal do ass, fir déi doten Affären ze traitéieren. Dat kann een och vläicht iwwer einfach Sektioune maachen."
Si seet sech och prett, d’Peinen fir verschidden Infraktiounen erop ze setzen, respektiv neier anzeféieren, zum Beispill am Zesummenhang mat psychologescher an ekonomescher Gewalt.
"Mir si souwisou amgaangen, de Code pénal, deen e bësse verstëbst ass, op verschiddene Punkte wierklech eng Kéier ganz op de Leescht ze huelen. A mir mussen do Adaptatioune maachen.Dat ass net méi zäitgeméiss. Dat wat viru 50 Joer oder 100 Joer vun der Gesellschaft als reprehensibel ugesi ginn ass, ass et net méi onbedéngt haut. An deem musse mer Rechnung droen."
D’Haaptfuerderung vun den Afferorganisatiounen ass also d’Schafe vun engem speziellen Tribunal. Hire ganze Katalog u Propose soll esou wuel an den zoustännege Chamberkommissiounen ewéi an den zoustännege Ministèren opgeschafft ginn.