Agence innovéiert bei den DSP-Patientenclasseuren
D'Agence E-Santé ka sech net iwwer Zoulaf an Ufroen bekloen - d'Agence gesäit sech als direkte Lien tëscht medezinesche Prestatairen a Patienten.
D'Agence E-Santé huet zum Beispill zejoert 52.000 elektronesch Impf-Carnete geréiert, wou 330.000 Vaccinatiounen enregistréiert sinn. Beim Dokter kann een dëst praktescht digitaalt Dokument ufroen, wou och d'Covid-Vaccinatiounen integréiert sinn.
Och an den digitalen DSP-Patientenclasseure ginn ëmmer méi medezinesch Dokumenter stockéiert - an der Moyenne ginn 6.000 Dokumenter am DSP de Mount consultéiert.
Den DSP gëtt awer weider entwéckelt an erneiert, fir de Flux vun Informatiounen tëscht Dokteren, Spideeler, Alters- a Fleegestrukturen, Apdikten, dem CGDIS an dem Patient nach ze verbesseren - absënns de Patient soll villméi aktiv agebonnen ginn, well hien via medezinesch Appen selwer vill perséinlech Donnéeën ka liwweren, éier et zu engem Traitement kënnt.
Och de Service "Wëllkomm", d'medezinesch Prise en Charge vu Flüchtlingen gëtt an der E-Santé-Agence geréiert - 114 Doktere maachen hei mat, bei enge 14.000 Patienten, déi vum Zerwiss profitéieren.