Taux de Reussite am Classique bei 83%, am Secondaire Général bei 66%

© AFP
E Mëttwoch am Nomëtteg huet den Educatiounsministère d'Resultater vun de Premièresexamen ëffentlech gemaach.
Am Classique hunn 1.344 Schüler hiren Examen direkt gepackt, dat maachen 83 Prozent aus. 178 Schülerinnen a Schüler mussen nach zidderen, an 103 wëssen, datt si d'Joer nach eng Kéier musse maachen. D'Sektioun mat der beschter Reussite war d'"Section binationale germano-luxembourgeoise" aus dem Schengen Lycée. Vun de 55 Schüler ass keen duerchgefall a just ee muss an den Noexamen. Déi schlechtste Reussite gouf et an der "Section sciences humaines et sociales", wou just 74 Prozent vun de Schüler direkt duerch sinn an 10 Prozent vun de 445 nach eng Kéier d'Joer musse maachen.
66% Prozent vun de Schüler am Secondaire Générale hunn hiren Examen da gepackt an 13 Prozent vun den am ganzem 2063 Schülerinnen a Schüler mussen d'Joer widderhuelen. Déi héchste Reussite hat hei d'"Division administrative et commerciale – section finance". 81 Prozent vun den 21 Schüler hunn d'Joer direkt gepackt, déi aner 4 hunn en Noexamen. Vun den 69 Schülerinnen a Schüler an der "Division des professions de santé et professions sociales - section sciences de la santé" sinn der just 31 Stéck direkt duerchkomm. 18 mussen an en Noexmen an déi aner 20, also 29 Prozent, mussen d'Joer widderhuelen.
Wa mer d'Meedercher an d'Jonge matenee vergläichen, fält op, datt um Classique d'Meedercher besser ofgeschnidden hunn. 84 Prozent vun den 918 Schülerinnen hunn d'Joer hei direkt gepackt a just 7 Prozent vun hinne sinn direkt duerchgefall. Bei de Jonge sinn 81 Prozent vun 707 Stéck fäerdeg mam Lycée a 6 Prozent mussen d'Joer widderhuelen.
Am Général ass et dann ëmgedréint. 65 Prozent vun de 1.169 Schülerinnen sinn direkt duerch a 15 duerchgefall wärend bei der Jongen 68 Prozent reusséiert hunn a just 11 Prozent vun den 894 Schüler redoubléiere mussen.