Aus enger schwéierer Schoulzäit ass e Startup entstanen. Een, dee Kanner mat spezifesche Besoine soll d'Educatioun erliichteren.

Mir treffen de Joël Schmit op sengem Wee op d’Aarbecht. Viru bësse méi wéi engem Joer huet hie säin eegene Startup gegrënnt. Seng Firma huet zum Zil, neurodivergente* Leit ze hëllefen. Dass hien iwwerhaapt elo an där Positioun ass, domadder hätt säin Ëmfeld laang Zäit net gerechent. Grad esou wéineg wéi hie selwer.

"Ech hunn d’Schoul just nach als eppes gesinn, wat ech iwwerliewe wollt."

De Joël Schmit geet an den 90er Joren an d’Grondschoul. Mat 9 Joer kritt hien eng Diagnos, déi säi Schoulwee vun engem Dag op deen aneren dramatesch verännert huet. Wärend sengen éischte Joeren an der Schoul ass hien ee gudde Schüler. "Um Ufank vu menger Schoulzäit war ech ëmmer dee beschte Schüler, dat heescht, d’Leit hunn immens vill vu mir erwaart. Ech konnt dat och ëmmer erfëllen", erzielt hien.

No engem IQ-Test kënnt eraus, dass hien héichbegaabt ass. Kuerz drop kritt hien zousätzlech nach d’Diagnos ADHS. Mëttlerweil weess hien, datt hien och autistesch ass, déi Diagnos krut hien awer réischt méi spéit: "Deemools huet nach keen un Autismus geduecht."

Et gouf probéiert, "mech ze heelen"

No der Diagnos kréie seng Eltere recommandéiert, hien a speziell Ariichtungen ze schécken: "Dat heescht, ech sinn an divers Zentre komm, och am Ausland, an an Däitschland an an Heemer, d'Psychiatrien, wou do wierklech probéiert ginn ass, mech 'ze heelen', soi-disant."
 
Zu deem Zäitpunkt war hien ëmmer nach 9 Joer al. "Fir mech als Kand war dat natierlech fuerchtbar. Ech mengen, ech war getrennt vu mengen Elteren, ech war eleng", beschreift de Joël Schmit d’Zäit no der Diagnos. "Ech war net weider schlëmm, ech war bësse wibbeleg, impulsiv, wéi all anert Kand mat ADHS."

Duerch déi ganz Situatioun bleift hien och sëtzen am 4. Schouljoer: "Duerch mäin Openthalt an der Psychiatrie hunn ech mäi Joer net fäerdeg gemaach, wat fir mech schonn ee Coup war, well ech ëmmer wollt dee Beschte sinn."

Ëmmer nees wiesselt hie vun do un d'Schoul an de System, wat hie gebraucht hätt, wär Stabilitéit a Routine gewiescht. "Hätt een deemools gewosst, dass ech autistesch sinn, wär dat Ganzt méi einfach gewiescht. Well een dann hätt kéinten op déi Saache reagéieren, déi ech gebraucht hätt", esou de Joël Schmit.

Säin Ofschloss mécht hie schlussendlech an Däitschland. Säi Wee féiert hien duerno an d’Arméi, hie schafft eng Zäit am Bankesecteur a fänkt dann un an enger Schoul ze schaffen. Do fillt hie sech gutt encadréiert, et ass eng Aart Wendepunkt. "Do huet dat ganzt rëm ugefaangen, dass déi Ambitiounen, déi ech eng Kéier hat, dass déi bësse rëmkomm sinn."

Elo verschreift hie sech der Missioun, aneren neurodivergente Mënschen ze hëllefen. Neurodivergenz ass keng Schwächt.
 
"Ech sinn net traureg, dass ech autistesch sinn an ADHS hunn. Et ass och eng Stäerkt.

Am Joël Schmit sengem Startup schafft eng neurodivers Ekipp, dat heescht. hien ass autistesch, seng zwee Mataarbechter sinn neurotypesch. Déi Konstellatioun hätt vill Virdeeler: "Neurodivergent ze sinn, dat bedeit net nëmmen, Besoinen ze hunn, mä dat bedeit och gewësse Stäerkten ze hunn, déi deelweis bëssen eenzegaarteg sinn. Dat heescht, ech sinn immens kreativ, ech sinn awer och immens detailverléift. Meng zwee Matgrënner, si hu méi ee Bléck fir dat grousst Ganzt. An da feelt natierlech déi Detailverléiftheet. Dass ee genau d’Detailer analyséiert. Dass een do d’Feeler fënnt. An dat ass eppes, wat sech immens gutt ergänzt."

Hien ass der Meenung, dass ee Mënschen net just op spezifesch Besoinen oder Schwächte reduzéieren dierft, mä och hir spezifesch Stäerkten notze sollt. An dat geet schonn an der Schoul un. 
"Wa mir déi Schüler net méi weiderbruecht kréien. An do muss ee bedenken, dass grad déi Beräicher an deene si immens staark sinn, dass mir déi Talenter verléieren. Als Chef vun enger Firma ass et immens wichteg, dass mir grad déi Talenter schoulesch op ee Wee bruecht kréien, dass si spéiderhin am Aarbechtsliewen dee Beruff maachen, wou si staark dra sinn", seet de Joël Schmit.

Hien hat ee schwéiere Wee, dacks huet et u Versteesdemech gefeelt. Dobäi huet hie grad a Momenter, wou hie verstane gouf, gutt fonctionéiert. "Ech hat eng Joffer, déi sech immens gutt ëm mech gekëmmert huet. Si wosst net wierklech, wat ADHS oder Autismus ass, mee si hat een immens Feigefill. Si krut wierklech dat bescht aus mir raus."

De Joël Schmit fënnt, dass nach net genuch iwwer Neurodivergenze bekannt ass. Dobäi betrëfft et ee groussen Deel vun der Mënschheet. "Autismus an ADHS sinn net heelbar. Dat ass einfach d’Gehier, wat sech anescht entwéckelt huet, wéi dat bei engem Gros vun der Mënschheet eben ass. Dat kenne mir u sech scho säit Joerhonnerten. Dat gouf et schonn ëmmer, mir hunn ebe just d’lescht Joerhonnert een Numm dofir kritt. Mä am Prinzip ass dat näischt Anormales. Et ass keng Stéierung, dat ass ëmmer ganz wichteg. An et ass keng Krankheet, déi een heele kann. Mir denken eben anescht, mir hunn aner Besoinen."

Wärend der grousser Schoulreform 2009 sinn nei Mesurë fir Kanner mat spezifesche Besoinen dobäi komm. Zanter 2011 ass d'Behënnerterechtskonventioun am Lëtzebuerger Gesetz verankert. Domadder verflicht sech Lëtzebuerg, jidderengem eng qualitativ an inklusiv Schoulbildung ze garantéieren.

Ass Lëtzebuerg Virreider a Saachen Inclusioun an der Schoul?

Ëmmerhi sinn eppes méi wéi 99 Prozent vun de Kanner a reguläre Schoulen ageschriwwen. Just ronn 800 Schüler ginn a speziellen Ariichtunge betreit. Domadder steet de Grand -Duché am europäesche Verglach als Spëtzereider vun der Inclusioun do. Dat kléngt an der Theorie gutt, an der Praxis gesäit et awer anescht aus. D'Lea Schwarz an d'Anouk Siebenaler hu bei Recherchen um Terrain iwwerlaaschten Enseignanten, frustréiert Kanner a besuergten Eltere begéint.

Méi zum Thema a grousse Reportage en Donneschdeg op der Tëlee

Wéi dat am Joer 2025 ausgesäit, wéi eng Erausfuerderung dat mat sech bréngt a wou d'Inclusioun och scho mol gescheitert ass. Dorëms geet et en Donneschdeg am Top Thema Magazin iwwer Inclusioun am Fondamentale um 19 Auer op der Tëlee.