Stied, och hei am Land, hëtze sech am Summer besonnesch staark op
A ville Stied, wéi och an der Stad Lëtzebuerg, feelt et u Gréngflächen respektiv u Gréngs, déi d'Temperatur an der Stad kënnen erofsetzen.
Gliddeg Hëtzt, wéineg Schied, dobäi Kaméidi vum Verkéier a Smog. D’Summeren an de Stied ginn ëmmer méi waarm an ustrengend. Hei ass et dacks méi waarm ewéi um Land.
Eppes ass kloer: de Summer ass definitiv zu Lëtzebuerg ukomm. Zanter Jore ginn iwwert d’Summerméint méi a méi Hëtzedeeg gemooss. Besonnesch an de Stied kënnt een an d’Schweessen, wéi d'Claire Wolff vum Mouvement Ecologique erkläert.
"Mir mierken all unhand vun de leschten Deeg, wéi waarm et mëttlerweil gëtt. 38 Grad sinn awer Temperaturen, déi soss net esou erreecht goufen. Och wann dat bei eis nach net zur Reegel am Summer ginn ass, wäerte mer duerch de Klimawandel méi Deeg esou erliewen."
Equipéiert mat enger Wärmekamera begleede mer haut d’Claire Wolff op engem Tour duerch d’Stad. Wat méi versigelt a manner Planzen, wat Temperatur séier klëmmt. Dat gëtt um Knuedler séier kloer. Riets sëtzt keen op de Bänken. Déi lénk Säit ass gutt besat. Kee Wonner: Ouni Schied sinn et, wéi am Rouden duergestallt, 50 Grad. Lénks am Schied just 30.

Stied sinn Hëtzeinselen, well se ganz staark zougebaut respektiv zougoudronéiert sinn. Vill Spezialiste schwätzen dovun, datt d’Stied besser opgedeelt a méi gréng musse ginn, besonnesch wa se wuessen. Gréng Stied bréngen net just méi Schied, mee och d’Waasser, dat duerch Donnerwiederen erofkënnt, versickert besser. Sougenannte Blëtz-Iwwerschwemmunge kënne esou besser evitéiert ginn. Ass méi Gréngfläch do, verdonst hei och méi Waasser an dee Prozess killt och op en neits of. Et geet also net just em Schied, mä och Ofkillung.
Zwar huet d’Stad Lëtzebuerg 68 Prozent Gréngfläch, ma dës si mam Bambësch, dem Gréngewald, an der Péitruss relativ konzentréiert.
"Et geet net duer, verschidde Plazen ze begréngen", erkläert d'Claire Wolff weider. "Mir mussen och d’Stroossen, wou d’Leit sech vun A op B beweegen, am Alldag begréngen. Fir, datt Schied do ass, datt et méi frësch ass an, datt ee sech do an Zukunft méi normal beweege ka bei héijen Temperaturen."
Op ville Plazen, déi an der Stad déi lescht Joren amenagéiert goufen, feelt et kloer u Beem an u Schied. Däers ass sech den Ëmweltschäffe vun der Stater Gemeng de Maurice Bauer bewosst.
"Mat enger Start-Up hu mer eng Analys mat Satellittebiller maache gelooss, fir rauszefannen, wou konkret Hëtzeinsele sinn. Fir déi ze kartographéieren. A wa mer déi identifizéiert hunn, fir dann och mat Sondagen dat ganzt ënner Kontroll ze halen. Mä dat erlaabt eis beim Ausschaffe vun eisem Begréngungskonzept ze reagéieren, wou Hëtzeinsele sinn."
Bis 2030 sollen iwwerdeems 30.000 nei Beem, bei déi aktuell 22.000 an der Stad dobäikommen. "Ech mengen et geet och iwwert d’Subsiden, wou mer och d’Biergerinnen an d’Bierger probéiere ze motivéieren, fir wieder ze begréngen. Dat geet zum Beispill iwwert eng Begréngung-Fassade oder Daach. Déi Saache kenne mir subsidéieren."
A Quartieren wéi um Lampertsbierg entstinn lues a lues Mini-Bëscher, déi an e puer Joer eng Kéier als kleng Oas dénge sollen. Och e puer honnert mobil Backe mat Planzen a Beem sollen iwwert déi nächst Jore bäikommen.