D'Chamber verréckelt d'Diskussioun iwwer d'Sonndesaarbecht
Et ass ee vun de kriddelegen Dossieren, iwwer dee Regierung a Gewerkschaften de Moment streiden: d'Sonndesaarbecht.
D'Regierung huet ee Gesetzesprojet virgeluecht, fir de Geschäfter ze erlaben, méi laang oder méi dacks sonndes op ze hunn. Net nëmmen d'Syndikater an d'politesch Oppositiounsparteie sinn dogéint - och Deeler vun der CSV virop de Fraktiounschef Marc Spautz sinn net zefridde mam Text. Och de Staatsrot huet Bedenken. E Mëttwoch stoung de Gesetzesprojet nees an der zoustänneger Chamberkommissioun um Ordre du jour.
D'Stëmmung virun der Sëtzung war nawell iwwerraschend gutt. Esouguer beim Aarbechtsminister, deen an deene leschte Wochen a Méint jo awer genuch Géigewand hat. Fir d'lescht vum Staatsrot. Deen hat a sengem Avis zwar keng Opposition formelle formuléiert, mee dem Legislateur awer e puer Denkustéiss mat op de Wee ginn. Wann een een Equiliber tëscht dem Pragmatismus vum Patronat an dem Schutz vun de Salariéë fanne wéilt, dierft een déi negativ Auswierkungen, déi d'Sonndesaarbecht op d'Familljeliewe kéint hunn, net ënnerschätzen.
D'Gewerkschaften hunn hirersäits nach een dropgesat, an an engem Bréif un de Premier Luc Frieden gefuerdert, datt bei der Reunioun tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften den 9. Juli iwwer d'Sonndesaarbecht geschwat gëtt an am Gesetzestext stoe misst, datt eng Auswäitung vu 4 op 8 Stonne just méiglech dierft sinn, wann et ee Kollektivvertrag oder een Accord interprofessionel gëtt.
Wéinst där Reunioun gouf de Punkt iwwer d'Sonndesaarbecht e Mëttwoch dann och vum Ordre du jour vun der Kommissioun geholl. Datt et am Virfeld Revendicatioune gëtt, begeeschtert den Aarbechtsminister Georges Mischo net.
"Dat ass natierlech net optimal an ech mengen, de Premier wäert elo kucken, fir den Dialog an déi richteg Richtung ze drécken, fir datt mer do net scho vun Ufank u festgefuer sinn an datt mer do kënnen op Aenhéicht alleguer mateneen diskutéieren."
Bei der Oppositioun, ma och bei der Majoritéit an der Chamber huet een do e bëssi méi Versteesdemech.
Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz: "An enger Hisiicht war ech e bëssi iwwerrascht iwwert esou ee Bréif, an der anerer Hisiicht muss ech soen, hunn ech awer och verstanen, datt se eng Kéier wollten drun erënneren, ëm wat et hinne géif goen, wat fir si d'Prioritéite sinn dobäi. Mee dann ass et och logesch, wa si Fuerderunge stellen, datt och Fuerderunge vum Patronat wäerte kommen, wann dat net scho geschitt ass. Ech sinn awer zouversiichtlech, datt een den 9. en connaissance de cause iwwer all Dossier kann diskutéieren."
De Marc Baum vun Déi Lénk: "Ech mengen et geet hinne virun allem dorëm ze soen, wat ass iwwerhaapt den Ordre du jour. Virdrun hu si mussen d'Erfarung maachen, datt si a sou Reunioune komm sinn, déi institutionell waren a si plus ou moins iwwer den Dësch gezu ginn. Dofir vun Ufank un ze soen, hei dat doten ass de Kader, an deem mer gären diskutéieren, wa mer wëllen op Aenhéicht déi Diskussioun féieren, wéi de Premier dat gesot huet, fannen ech awer nëmmen novollzéibar."
Datt an enger Reunioun schonn eng Léisung fonnt gëtt, do ass ee bei der Oppositioun éischter skeptesch.
De Georges Engel vun der LSAP: "Dat musse si lo gesinn, ob si den 9. Juli all déi doten Themen op den Dësch kënne bréngen. Mech géing et wonneren, wa se dat an engem Moie géinge fäerdegbréngen. A wann net, da musse se sech Zäit huelen, dat gehéiert och zum Sozialdialog, datt ee sech Zäit hëlt, fir deem aneren nozelauschteren."
D'Djuna Bernard vun Déi Gréng: "Dat Ganzt muss ee Format sinn, wou een an enger oder virun allem warscheinlech méi Sëtzunge konstruktiv openee lauschtert. Dat mécht u sech eng Tripartite aus an et ass och den Eescht vun der Lag, deen dat ausmécht."
Bleift ofzewaarden, wéi sech dat op d'Diskussiounen den nächste Mëttwoch auswierke wäert.