Een Accident, zwee Bränn an eemol hat de Blëtz ageschloen e Mëttwochowend

© RTL Archivbild
Wéi de CGDIS mellt, ware si no der Hëtzt am Asaz, zum Beispill well de Blëtz ageschloen ass.
Dat war géint 21.30 Auer zu Sandweiler um Suebelwee de Fall. Kengem ass eppes geschitt. Méi Detailer si keng gewosst, de CGDIS schreift just vun engem "Contrôle après coup de foudre".
Gerabbelt hat et dann nach zu Hunchereng. An der Escher Strooss hate sech kuerz no 17.20 Auer zwee Ween ze pake kritt. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt.
Weider mellt de Rettungsservice nach zwee Bränn, dat eemol zu Bartreng op engem Haff an dann nach emol zu Housen. Do war et eng Schminni, déi gebrannt hat.
Och fir en Donneschdeg de Moie goufen Accidenter gemellt: Um 8.39 Auer sinn um Boulevard de la Foire an der Uewerstad e Motorrad an en auto aneneegerannt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen.
E weidere Blesséierte gouf et da kuerz virun 9 Auer op der RN31 tëschent Nidderkäerjeng a Péiteng, wou zwee Autoen net laanschtenee komm sinn.