Den abordabele Wunnraum hei am Land soll vun aktuellen 2% bis d’Joer 2035 op 20% wuessen. Dat huet d’LSAP op engem Point presse gefuerdert.

De Plang vun der CSV-DP-Regierung, fir "méi a méi séier" ze bauen, géing et net bréngen, dofir huet d’LSAP hiren eegenen 10-Punkte-Plang presentéiert. D’Partei, déi bal 20 Joer laang mat an der Regierung war, hält deels un ale Konzepter fest, mee traut sech deels en neien Discours zou.
 
Esou zum Beispill wat d’Roll vun de Gemengen ugeet. Déi zécken dacks aus deels novollzéibare Grënn - ewéi den Drock op d’Infrastruktur oder Crèchen - fir méi Wunnraum ze schafen. Ma d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert huet sech an der Froeronn no der Presentatioun vun hiren Iddien dozou verféiere gelooss, ze soen, datt d’Gemengen och solle gesot kréien, ewéi dicht se solle bauen: "beispillsweis eng Forschette, also dat ass sécherlech wa mer wëllen, datt méi gebaut gëtt, muss een iergendwou den Dialog sichen".

D’Paulette Lenert vermësst de Krise-Modus bei der aktueller Regierung à tel point, datt si och averstane war, datt d’Chamber a Gemengen och am Summer sollen "tagen", wann et ëm Logement geet. Besonnesch, wa Prozeduren openee "clashen".
 
Fir e méi séieren Tempo ze kréien, proposéiert d’LSAP d’Konzept vu seriellem Bauen oder dem Gebai-Typ "E" (E steet fir Einfach an Experimentell). Hei kéint ee sech Autorisatiounstyppe virstellen.

Méi Schutz fir Keefer a Locatairen

De Max Leners, Porte-parole "Logement" bei der LSAP, deen huet ënnert anerem bessere Schutz fir Keefer um Plang proposéiert – amplaz Garantie de Remboursement eng Garantie fir den Achèvement, wéi se och aktuell heescht, mee net wierklech ass.
 
De Locataire, dee soll der LSAP no ewéi d’Keefer oder Investisseure steierlech ënnerstëtzt ginn, andeems hie säi Loyer deels soll kënnen ofsetzen.
 
Donieft fuerderen d’Sozialisten elo net een, mee zwee Loyersdeckelen: ee fir Wunnenge vu virum Immobilieboom ëm 2010 an ee fir duerno. Firwat? De Max Leners huet erkläert, datt beim Neibau den Deckel iwwerflësseg wier, well den Deckel Loyeren erméiglecht, déi kee sech kéint leeschten. Donieft wier den Deckel onlogesch, well ee fir eng Wunneng vun 80 Meter Carré aus de 70er Jore maximal 600 Euro kéint froen, mee wann een déi selwecht Wunneng opkeeft, kéint een 2.000 Euro froen.
 
Ënnert den 10 Piste vun der LSAP sinn dann nach: E Staatsemprunt, dee fir Privatleit steierbegënschtegt op wier, soll Investissementer mobiliséieren. Wunnengskooperative solle gefërdert ginn. Ëffentlech Institutioune sollen e Virkafsrecht hunn.

20 Joer LSAP: Projeten a Kompromësser

Fir d’Sozialiste bleift de Kampf géint d’Spekulatioun eng vun de Prioritéiten.
 
D’LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet un hir Projeten, déi si als Inneministesch viru puer Joer deposéiert hat ewéi d’Mobiliséierungtaxen oder de Baulandvertrag erënnert, de Virworf net gëllen ze loossen, d’LSAP hätt an 20 Joer Regierungsbedeelegung näischt gemaach.
 
Doriwwer eraus hätt een ëmmer misse mam Koalitiounspartner Kompromësser fannen.