Wéi d'Police mellt, koum et e Mëttwoch den Owend zu engem Iwwerfall an der Avenue de la Gare an der Stad.

Éischten Informatiounen no krut eng Fra am Garer Quartier hiren Telefon vun engem bis ewell nach onbekannten Täter geklaut. D'Ermëttlunge lafen.

An de leschte Stonne gouf awer och dacks versicht anzebriechen, respektiv et gouf agebrach. Zum Beispill an der Nuecht op e Mëttwoch an der Baaschtnecher Strooss zu Clierf an en Eefamilljenhaus. En Onbekannten hat sech Zougang iwwer d'Garage verschaaft, gouf awer vun der Alarmanlag gestéiert. Den Onbekannten ass geflücht, ier hien eppes klaue konnt.

E weideren Abroch gouf et nach moies fréi an eng Wunneng vun engem Appartementshaus um Boulevard Docteur Chales Marx zu Hollerech. Hei ass den Täter duerch eng Fënster erageklommen a konnt do e Laptop matgoe loossen.

A béie Fäll goufen d'Ermëttlunge lancéiert. D'Police erënnert nach emol un hir Rotschléi, wéi ee sech am beschte géint Abréch schütze kann.