Zwee Automobiliste kruten hire Permis ewechgeholl

© RTL Archivbild
En éischte Chauffer ass der Police e Mëttwochowend bei enger Vitesskontroll negativ opgefall. Hie war net just ze séier, hien hat och nach gedronk dobäi.
Mat 144 Stonnekilometer amplaz den erlaabte 70 ass en Automobilist op der N11 op er Héicht vun Altréier gefuer. Trotz däitlechen Zeechen - blo Luuchten a Sireen - ass de Chauffer weidergefuer. D'Beamte sinn him nogefuer a konnten de Won effektiv kuerz drop stoppen. En Alkoholtest ass positiv verlaf an hie krut e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt.
An der Nuecht op en Donneschdeg du gouf e Chauffer um Stater Boulevard Robert Schuman gestoppt. Och hei war Vitess an Alkohol am Spill an et gouf e provisorescht Fuerverbuet decidéiert. Donieft hätt sech de Mann nonstop onkooperativ géintiwwer de Poliziste verhalen.