Ewéi d’Stacey Feinberg am Juni am US-Senat gehéiert gouf, huet si gewarnt, Lëtzebuerg wier ze naiv géintiwwer China.

Ewéi Luxtimes als éischt opgegraff huet, sot d’Stacey Feinberg: "De Lucifer weist sech net a Form vum Däiwel". China géing den Educatiounssystem ënnerwanderen oder nach intellektuelle Besëtz klauen. Lëtzebuerg misst och d’Versich vu China, fir iwwert d’Finanzplaz Afloss an Europa ze huelen, besser iwwerwaachen a limitéieren.
 
D’chineesesch Ambassade zu Lëtzebuerg huet d’Virwërf vehement verworf an déi "amerikanesch Fra" opgefuerdert, hir Aussoen ze korrigéieren, esou Luxtimes weider. Mat hiren Aussoe voller ideologescher Préjugéen hätt si all Norme vun Diplomatie mat Féiss getrëppelt.
 
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel sot dem Essentiel: "Mir brauche keng Opklärung, weder vu China, nach vun den USA." Hien ass der Meenung, datt wann d’Stacey Feinberg bis hei am Land ass, datt si da mierke wäert, datt si e falscht Bild vum Grand-Duché huet. Dem Ausseminister no wier China esouwuel e Rival ewéi e Partner.