Déi Gréng
"D'Regierung soll endlech Responsabilitéit iwwerhuelen, d'Klimakris waart net"

Dat schreiwen déi Gréng an engem Communiqué a betounen, datt et u politeschem Wëllen feele géif.
Vu Loscht op Klimaschutz maachen, kéint een definitiv net méi schwätzen, bedaueren déi Gréng, déi der Regierung op enger ganzer Partie Punkte Reprochen maachen, dorënner, datt d'Fërderungen fir Elektro-Autoen, Vëloen a Solaranlagen gekierzt goufen oder d'Subventiounen fir ëffentlech Lued-Statiounen ofgeschaf goufen. D'Klimakris wier längst do an dofir dierft Klimapolitik och keen Tabuthema méi sinn.
Am meeschte gelies